Interview mam Dr. Romain SchockmelBei der FLH sti richtungsweisend Decisiounen an d‘Haus

Yannick Glod
Serge Olmo
Mam President vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun huet RTL iwwer de Standing vun den Nationalekippen, ustoend Verännerungen an eng Abberzuel un anere Sujete geschwat.
Bei der FLH sti richtungsweisend Decisiounen an d‘Haus
Mam President vun der Handballfederatioun huet RTL iwwer de Standing vun den Nationalekippen, ustoend Verännerungen an eng Abberzuel un anere Sujete geschwat.

De Januar war an de leschte Joren ëmmer d’Zäit vun der Handball-Nationalekipp. Dëst Joer fält dëse Rendez-vous aus, well d’Rout Léiwen a kenger Campagne méi dobäi sinn. Dass sech souwuel d’Häre wéi d’Dammen am Joer 2026 mat Stagen an eventuelle Frëndschaftsmatcher op dat nächst Joer preparéieren, ass fir de Romain Schockmel de Status quo vun de Capacitéiten. Dat ass awer guer net nom Goût vum fréiere Bundesliga-Spiller: „Mir kënnen net zefridde si mat deene Resultater, wou mer hunn“.

Aktuell ass d’FLH als 35. am EHF-Ranking klasséiert. An de leschten aacht Joer gouf et gutt Usätz a gutt Leeschtungen, déi dozou gefouert haten, dass d’Rout Léiwe sech no vir geschafft haten. Elo „si mer awer nees op eis Basis zeréckkomm“. Dat kéint een ënner anerem och duerch Blessuren an Ausfäll vu wichtege Spiller viru wichtege Matcher erklären.

Eng weider Zilsetzung wéi de Projet „24Top24“, deen d’FLH am Joer 2018 lancéiert hat, wollt de President net confirméieren, mee et misst ee bis zum Enn vum Mandat 2028 „de Wee gezeechent kréien, dee mir eis virstellen“. Am Moment wär d’Basis do. „A wa mer dat net erreecht hunn, muss ee sech d’Fro stellen, ob mer nach op der richteger Plaz sëtzen oder ob mer eis do wäerte musse behaapten“.

Dinart „sécherlech e puer Plazen erofgerutscht“

Fir dass en Ëmschwong an en Ëmdenken asetzt, versprécht sech de President vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun ganz vill vum nei ze schafende Poste vum Directeur général. Dëse soll en neit Element ginn, fir den Handball zu Lëtzebuerg besser opzestellen. Den Directeur général gëtt et schonn an anere Federatiounen, zum Beispill am Tennis.

Op dee Poste wéilt een eng Persoun setzen, déi de richtege Profil huet an Erfarung op deem Poste matbréngt, fir d’Professionaliséierung unzedreiwen. Dat wär de Posten, fir deen den Didier Dinart, franséischen Ex-Nationalspiller a fréieren Trainer vun der franséischer Nationalekipp, a Fro kéim an am Gespréich ass.

Aktuell ass den Dinart nach als Trainer bei der US Ivry, Veräi vu Paräis, engagéiert, wou et am Dezember awer negativ Meldunge gouf, wéi een op Handballportaler a bei der franséischer L’Equipe liese konnt, déi en Artikel vun der AFP opgegraff haten. Doduerch wär hie „sécherlech e puer Plazen erofgerutscht“, sou de Romain Schockmel. Ausserdeem ass de Fransous Trainer vun der Nationalekipp vu Montenegro.

Et sinn awer och aner Leit am Gespréich an och interesséiert. Dozou gehéiert ënner anerem de Ricardo Trillini, dee vun 2013 bis 2016 Hären-Trainer zu Käerjeng war an duerno wärend 8 Joer als Directeur sportif d’italieenesch Nationalekipp gecoacht an d’Strukture vun der Federatioun nei opgestallt huet. Et géifen „zwou oder dräi Persounen, déi staark Referenzen hunn a vläicht a Fro komme kënnen“.

Bei enger eventueller Neiopstellung kéinten och Verännerunge bei den Nationaltraineren an dem Directeur Technique an d’Haus stoen. Et ass awer nach näischt decidéiert an d’Poste sinn am Moment nach mat Maik Handschke, Michel Scheuren an Alexandre Scheubel besat. Den FLH-President bekräftegt awer: „Mir wäerte keng Méint waarden, fir Decisiounen ze huelen“.

© Fernand Schmitz

Zukunft vum Lëtzebuerger Handball

De Posten an den Engagement vum Directeur général steet awer ënner Finanzéierungsvirbehalt, huet de President ënnerstrach. Hie gesäit den Directeur général als Kapp vum ganze Staff, „deen d’Richtung vum Fonctionnement wäert virginn“. Esou e Poste wär e wichtegt Element um Wee vun enger Professionaliséierung vum Handball zu Lëtzebuerg. Eng Ëmstrukturéierung wär souwuel an der Federatioun wéi och an de Veräiner noutwendeg. Als drëtte Pilier fir eng gutt opgestallt Zukunft gesäit de 70-fachen Nationalspiller och déi néideg Astellung an den Asazwëlle vun de Spiller a Spillerinnen, sech engem Projet ze verschreiwen. Dës dräi Elementer missten aneneegräifen.

A Saache Lizenze wär ee bei der Jugend duerch Aktiounen an de Schoulen an dem Jugendfërderprogramm op engem gudde Wee. D’Tina Welter an den Adrian Stot géifen do e gudden Job maachen. An de leschte Joren hätt ee Karteiläichen auszortéiert, wat zu engem klengen Down geféiert hätt, an elo léich een awer bei ongeféier 3.300 Lizenzen. „Dat seet mer, dass eis Philosophie net déi allerschlechtst ass“.

Wat bei der Jugend mat der Participatioun u regionale Championnater scho gängeg ass, ass bei de Senioren aktuell net ugeduecht. Als Federatioun géif een net un engem Projet BeNeLux-Liga 2.0, wéi vun 2010 bis 2014, schaffen. Do misste vill Konditiounen erfëllt ginn, fir dee Projet nees aus dem Tirang ze huelen, an d’Veräiner missten interesséiert sinn.

Eng Upassung vum Spillmodus am Häre-Championnat un dee vun den Dammen ass net geplangt. Den Niveau vun den Ekippe wär relativ no beieneen an an de Championnat dës Saison bis elo ekilibréiert, soudass et aktuell net duerno ausgesäit, wéi wann d’Hären de Champion an noer Zukunft och an engem Best-of-Three-Modus ausspille géifen. „Mir wäerten eis op de Feedback vun de Veräiner baséieren, wéi et bei den Dammen elo iwwer d’Bün gaangen ass“.

An de leschte Méint gouf net just iwwer den Handball um Terrain, mee och nieft dem Terrain geschwat. Domat ass d’Causa vum Diddelenger Protest géint d’Wäertung vum Match géint Esch aus dem September gemengt. Den FLH-President huet hei keng Bedenken. Béid Veräiner hätten hir Argumenter, den CA vun der FLH géif sech awer bewosst aus dëser Affär eraushalen. D’Urteel vun der CLAS misst, egal wéi et ausfält, respektéiert ginn.

Participatioun un enger EM oder WM: „Et däerf een dovun dreemen, mee et muss ee realistesch bleiwen“

Schlussendlech gouf nach e Bléck op d’Handball-EM 2026 geheit, wou mat Italien an de Färöer Inselen zwou Ekippen untrieden, géint déi Lëtzebuerg virun néng Joer nach gewonnen huet an op engem Niveau war. Mat Dänemark, Schweden, Däitschland, Frankräich a Spuenien wär op alle Fall ze rechnen, dass dës Ekippen ëm den EM-Titel matspille wäerten.

Op d’Fro, ob ee Lëtzebuerg an noer Zukunft bei enger EM geséich, huet de Romain Schockmel geäntwert, dass „mir Loft geschnuppert haten“. Fir hie wier et eng vu ville Konditiounen, déi beim Engagement vun engem Directeur général oder all anerer Persoun eng Roll spille géif, fir dës Zilsetzung ze hunn. Säin Zil ass et, dass d’Rout Léiwen an den nächste Joren am Haapttablo vun enger Welt- oder Europameeschterschaft stinn. „Et däerf een dovun dreemen, mee et muss ee realistesch bleiwen, fir sech esou Ziler ze setzen“.

De Romain Schockmel schléisst awer aus, dass hie 25 Joer wéi den IHF-President Hassan Moustafa als Chef vun der FLH fungéiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO