
Den Escher Lou Fancelli hat wéinst enger bluddeger Nues virun der leschter Aktioun misste vum Terrain goen a gouf ersat, wat an der Theorie der Reegel widdersprécht. De Protest vun den Diddelenger gouf an éischter Instanz ofgeleent. De Conseil d’Appel huet dat méi spéit awer anescht gesinn. D’Decisioun vum Conseil d’appel war, datt de Match nei gespillt misst ginn.
Den Diddelenger President Christian Schott kann natierlech absolut mat der aktueller Decisioun liewen.
“An der éischter Instanz, déi hunn effektiv de Géigendeel decidéiert gehat. An d’Appellgeriicht huet eis awer elo Recht ginn. Ech mengen dat ass elo d’Urteel wat fir de Moment steet. A wat fir eis och dat ass, wat am Moment bindend ass. Esch kann duerno weidergoen an eng weider Instanz bei CLAS.”
Den Handball Esch, an dat ass confirméiert, geet bei d’CLAS, d’Commission luxembourgeoise d’arbitrage pour le sport. Déi Escher beruffe sech bei der Argumentatioun ënner anerem och op e Retour vun der internationaler Handballfederatioun. Den Affekot an Escher President Christian Bock:
“Si soen och, dass déi Decisioun fir de Match frësch ze spillen, einfach falsch ass, well et sech ëm eng Tatsaachenentscheedung handelt, déi dee Moment geholl ginn ass. Dat heescht, d’Arbitteren hunn de Wiessel entweeder net wouer geholl oder voilà, et ass op alle Fall, zu deem Moment huet keen dogéint protestéiert. D’Arbitteren hätten d’Méiglechkeet gehat, fir dee Moment ze soen, okay, do ass e falsche Wiessel, mir ginn zwou Minutten, wat se net gemaach hunn. Dat heescht, d’Situatioun ass akzeptéiert ginn.
Den HB Diddeleng interpretéiert d’Situatioun natierlech ganz anescht. De President vum Rekordchampion HB Diddeleng fënnt et och net esou erstaunlech, datt verschidden Instanze verschidden Decisiounen huelen. De Christian Schott nees:
“Jo, ech mengen, dat ass zwar ganz normal. A geriichtleche Saachen huet een ëmmer verschidden Instanzen, déi verschidde Vuen op verschidde Sachlage kënnen hunn. Fir eis war et eigentlech vun Ufank u kloer, dass et hei eng Reegel war, déi net befollegt ginn ass. well herno ze vill Spiller um Terrain stoungen. An dat ass dat, wat d’Cour d’appel eigentlech och bis elo confirméiert huet.”
Elo muss also ofgewaart ginn, wat d’CLAS wäert decidéieren. Kritt Esch Recht, da bleift et bei der Victoire vum Handball Esch. Soss gëtt frësch gespillt. De Conseil d’Appel hat d’Propos gemaach, am Fall wou frësch gespillt gëtt, datt Diddeleng da sollt op d’Etute-Bridder verzichten, déi am Allermatch net dobäi waren. Den Escher President Christian Bock fënnt déi Propositioun zimmlech eegen.
“Also dat hätte si sech och kënne spueren. Fir dee Saz dann, fir ze soen, ouni Motivatioun, dat ass nach dat Bescht, well de Conseil d’appel huet absolutt null Motivatioun a senger Decisioun, déi soen einfach, ah, d’Artikelen sou an sou, de Match gëtt frësch gespillt, awer wéinst dem Fairplay géife mir da proposéieren, dass d’Etute-Bridder net matspillen. A menger Meenung ass dat Blödsinn a wéi gesot, Diddeleng ass och net verflicht, fir sech dorunner ze halen.”
Déi meescht Frënn vum Lëtzebuerger Handball hoffen, datt geschwënn eng definitiv Decisioun geholl gëtt, déi dann och séier ëmgesat wäert ginn, fir sech nees voll op dat ze konzentréieren, wat um Terrain leeft. Bis elo ass d’Championnat bei den Dammen an den Häre richteg attraktiv.