Handballsmatch HBD géint Esch muss nei gespillt ginnDiddeleng kritt an zweeter Instanz awer Recht

Yannick Glod
Nach Ufank November hat den Tribunal vun der FLH de Protest ofgeleent, elo krut den HBD virum Conseil d’appel Recht.
© AFP (Archiv)

Et ass eng Raritéit an der Lëtzebuerger Handballwelt, dass Protest géint d’Wäertung vu Matcher ageluecht gëtt. Et ass nach méi rar, dass dës Protester erfollegräich sinn. Elo ass et zu esou engem Fall komm. Den HB Diddeleng hat nom Match géint den HB Esch Protest géint d’Wäertung vun der Partie ageluecht. Den HBD hat de Match vum 27. September 29:30 géint Esch verluer. Ugangs November hat den Tribunal vun der Lëtzebuerger Handball-Federatioun nach geurteelt, dass et zu kenge grave Reegelverstéiss komm wier an d’Resultat vum Match bestoe bléif.

Dogéint hat Diddeleng Protest ageluecht an esou koum et de Mëttwoch 3. Dezember 2025 virum Conseil d’appel vun der FLH zu enger weiderer Unhéierung. Déi Kéier koumen déi dräi „Riichter“ zur Conclusioun, dass an dësem Match géint d’Artikelen 2.4, 2.5 (a béide Fäll Verstéis géint d’Reegele no der Schlusssiren) a 4.10 (Verletzung vun engem Spiller mat Blutt) vun der IHF (International Handballfederatioun) verstouss gi wier.

De Conseil d’appel huet deemno decidéiert, dass de Match tëscht dem HB Esch an dem HB Diddeleng vum 4. Spilldag bis den 8. Februar 2026 (leschte Spilldag virum Playoff) nei gespillt gi muss. Well Diddeleng an dësem Match ouni d’Etute-Bridder ugetruede war (wéinst engem privaten Deplacement an d’USA), huet de Conseil d’appel aus Fairplay-Grënn nach proposéiert, dass de Match „mat deene selwechte Spiller wéi um Spillbou vum initiale Match vum 27. September 2025“ ausgedroe gi sollt.

Déi juristesch Méiglechkeete sinn awer nach net alleguer an Usproch geholl ginn. Wann den HB Esch dëst Urteel net akzeptéiert, kann en nach ëmmer de CLAS (Commission Luxembourgeoise d’Arbitrage pour le Sport) froen, fir an dëser Affär ze tranchéieren.

D’Reaktioun vum HBD

De Christian Schott huet am Gespréich mat RTL dëst Urteel begréisst. An der leschter Aktioun vum Match wär e „klore Reegelverstouss gewiescht“, well en Escher Spiller wéinst enger bluddeger Nues hat musse vum Terrain an ersat ginn, wat an den internationale Reegelen net virgesi wier, an dofir hätt ee Protest ageluecht. Op d’Propositioun vum Conseil d‘appel, dass de Match mat deene selwechte Spiller wéi am September gespillt gi soll, huet de President vum HBD reagéiert, dass „déi esou net anzehalen ass“. Dat opgrond vu Blessuren, déi a béiden Ekippen an der Tëschenzäit bäikomm wieren. Jiddereen, deen deemools spillberechtegt war, wär och elo spillberechtegt.

International Handhabung

Den Helge Olaf Käding, e vill gefroten Expert am Handballdroit, huet gesot, an Däitschland hätt dee Protest net standgehalen. Am Reegelwierk vum DHB a vun der däitscher Bundesliga wär nämlech virgesinn, dass eng Aktioun „spillentscheedend“ gewiescht si muss, fir dass e Match widderholl gëtt.

Als spillentscheedend gëllt bei den däitschen Noperen, wa vun engem „anere Spillausgang mat héichgradeger Warscheinlechkeet“ ausgaange gi muss. Dat wär mat engem 7-Meter-Worf gläichzesetzen. Dat war hei awer net de Fall gewiescht, well et sech ëm en direkte Fräiworf gehandelt huet. Ausserdeem géif et aus der Siicht vum Expert keen Ënnerscheed maachen, ob elo fënnef oder sechs Spiller an der Mauer stéingen. Enger Etüd vun der Universitéit Salzburg aus dem Joer 2008 no léich d’Warscheinlechkeet vun engem erfollegräichen direkte Fräiworf, jee no Leeschtungsniveau, tëschent 6 an 9 Prozent.

De Käding huet awer och bäigefüügt, dass et am Ermiessensspillraum vun den nationale Verbänn léich, wéi dat am Reglement gehandhaabt soll ginn. Do géif et keng international Virgab. Bei der FLH wäert een an deenen nächste Méint wuel all erdenklech Matchsituatiounen duerchgoen an dës am Reegelwierk virgesinn, fir eng änlech Affär ze vermeiden.

Back to Top
CIM LOGO