
No der U20 Mëtt Juli war et an de leschten Deeg un den U18-Männer, fir sech mat hiren Alterskolleegen aus Europa ze moossen. De Lëtzebuerger Nowuess huet de Podium sou just verpasst a gouf Véierten. Um Enn stinn dräi Néierlagen an zwou Victoiren an de Statistiken.
Ënnert dem neien Trainer Nikola Malesevic, deen am Februar dëst Joer d'Relève vum Maik Handschke iwwerholl huet, goufen dräi Stagen als Preparatioun fir déi éischt Participatioun iwwerhaapt un enger Championship I organiséiert. Wéi ee vun den Nowuessspiller Tim Nothum a Luke Dumont am FLH-Podcast gewuer gouf, koum et och zu takteschen Ëmstellungen.
Den Nikola Malesevic, deen an der Saison 2024/25 mat den Häre vun der Red Boys Champion gi war an och vun 2019 bis 2024 Nationaltrainer vun de Seniore war, huet virum leschte Match mat RTL op d'Kompetitioun zeréckgekuckt. Hie wéilt der Ekipp eng „nei Dynamik an nei Energie“ vermëttelen an dass d'Ekipp „méi Charakterstäerkt a Solidaritéit um Terrain“ weist.
Fir de Start gouf et direkt eng héich 24:41-Néierlag géint Griicheland, géint dat een am Qualifikatiounsturnéier am November 2025 an der Coque „just“ 21:27 de Kierzere gezunn hat. Duerno koumen awer zwou Victoirë géint Estland (32:26) an Holland (28:20), de Véierte vun 2024. Virun allem d'Victoire géint Holland war iwwerleeën a wichteg, fir an d'Halleffinall ze kommen.
Fir den U18-Trainer war et wichteg, dass d'Spiller no der Néierlag géint d'Griichen eng Reaktioun gewisen hunn. Géint Holland hätt d'Ekipp „hir wierklech Qualitéit“ gewisen. An dat obwuel dräi Spiller wéinst Krankheet oder Verletzung ausgefall waren.
Och d'Spiller, déi op enger däitscher Handballakademie ageschriwwe sinn – et stounge siwe Stéck am 17-Mann-Kader –, hätten duerch hir permanent Konkurrenz an déi gewinnt Spillintensitéit e positiven Impakt op hir Matspiller. Fir de Malesevic géif et am Match oder um Training keen Ënnerscheed maachen, ob e Spiller op enger Akademie oder bei engem lëtzebuergesche Veräin ageschriwwen ass. „Hei si si alleguer lëtzebuergesch Nationalspiller“, waren d'Wierder vum Trainer.
D'Resultat vun der Halleffinall géint Litauen mat 27:19 ass um Pabeier kloer a war et och um Terrain. Nodeems een an der éischter Hallschent (8:15) kloer ënnerleeë war, konnt een op d'mannst déi zweet Hallschent mat 11:12 ausgeglach gestalten.
An dësem Match hätt een dem U18-Trainer no nees gesinn, dass engem schonn op dësem Niveau näischt geschenkt géif. Wéi scho säin Trainerkolleeg Björn Gerber huet de Malesevic drop higewisen, wéi wichteg et fir lëtzebuergesch Spiller ass, fir "méi esou Matcher" ze hunn, fir an direkten Dueller elementar Ënnerscheeder – positiv wéi negativ – festzestellen.
Am Match ëm Plaz 3 koum et op en Neits zum Duell géint Griicheland, dat sech um Enn och däitlech géint Rumänien geschloe gi musst (26:33). Trotz den héijen Temperaturen zu Skopje an der physescher wéi mentaler Erschëpfung no sechs intensiven Deeg hat ee wëlles, ze gewannen. Et sollt awer nees en zimmlech däitlecht Resultat zugonschte vun de Griiche ginn (29:35). All d’Resultater vun der U18-Championship fannt Dir hei.
Trotz dem Bilan vun dräi Néierlagen an zwou Victoiren ass den Nikola Malesevic houfreg op seng Ekipp an de Staff. Hien ass och iwwerzeegt, dass „d’Ekipp an dëser Kompetitioun e wichtege Sprong no vir“ gemaach huet.
Nieft der Placéierung stiechen nach zwee weider Punkten ervir. De Bierchemer Teo Wener koum mat 34 Goler an d'Topp 3 vun der Championship. Mam Teo Wener, Luke Dumont an dem Golkipp Félix Meyers waren dräi Lëtzebuerger beim Respect-your-Talent-Meeting – eng Zort bescht Spiller vum Turnéier – dobäi. De Luke Dumont war an der vergaangener Saison mat der U17 vum THW Kiel däitsche Vizemeeschter ginn.
De Credo vum Lëtzebuerger Handball muss deemno weiderhi sinn, sou vill Matcher wéi méiglech géint Ekippe vum selwechten a souguer méi héijen Niveau ze spillen, an ze léieren, no schwierege Momenter eng Reaktioun ze weisen – am beschten am selwechte Match. Dat gëllt souwuel fir d'Jugend- wéi fir d'Seniorsekippen.