U20-Handball-EM am Kosovo"Eng Placéierung ass net entscheedend fir d‘Entwécklung vun de Spiller"

Yannick Glod
Bei der U20-Championship, déi tëscht dem 12. an dem 19. Juli gespillt gouf, ass fir de Lëtzebuerger Nowuess um Enn eng fënneft Plaz erausgesprongen. D’Placéierung war fir den Trainer Björn Gerber wuel enttäuschend, dat géif awer net d’Qualitéit vun de Spiller erëmspigelen.
© AFP (Archiv)

An de Summerméint organiséiert d’Europäesch Handball-Federatioun (EHF) all Joer d’Europameeschterschaft vun de Jugendkategorien. D’Lëtzebuerger U20-Männer sinn dobäi dëst Joer an der Championship II, der ënneschter Liga, ugetrueden. Dat wär dem U20-Nationaltrainer Björn Gerber no awer keng Ausso iwwer d’Kënnen an d’Potenzial vun den Ekippen. D’Konstellatioun vun de Gruppe géif op engem Klassement mat de Resultater aus de Jore virdru berouen a wär net wierklech stëmmeg.

Et wär een och net mat enger spezifescher Zilsetzung an dëst Turnéier gaangen, wéi de fréiere Bierchemer Spiller am Interview mat RTL sot. Fir vill Spiller wier et dat éischt Turnéier op esou engem Niveau gewiescht, huet den Trainer betount. Dass um Enn „just“ eng fënneft Plaz als plakegt Resultat um Pabeier stéing, ass fir de Björn Gerber net dat Entscheedend. Et hätt een d’Ekipp weider entwéckelen a fir hir méiglech Selektioun an de Seniorskader preparéiere wëllen.

Ausserdeem hätt de Facteur vun de Spillzäiten an dem ongewinnte Rhythmus fir déi jonk Spiller och en Impakt op d’Leeschtung vun der Ekipp gehat. Dat spigelt sech an de Resultater erëm. D’Néierlage géint d’Slowakei (24:28), d’Belsch (28:34) a Finnland (23:37) koumen an de fréie Matcher zustanen, wärend d’Victoire géint Bulgarien (38:24) an déi knapp Néierlag géint Groussbritannien (26:27) nomëttes realiséiert goufen.

An der Ofschlosstabell huet Lëtzebuerg déi lescht Plaz beluecht, sou koum et zu engem weidere Match géint Groussbritannien ëm Plaz 5. Dës Kéier hunn d’Jonk Léiwen hiert Potenzial opblëtze gelooss an d’Britte mat 42:26 iwwerrannt. De Lou Fancelli huet dësem Match mat 12 Goler säi Stempel opgedréckt. Den Escher huet an de sechs Matcher insgesamt 42 Mol markéiert a stoung mat dëser Zuel um Enn an den Topp 3. Fir de Björn Gerber war et wichteg, d’Turnéier „mat engem gudde Gefill“ ofzeschléissen.

Drop ugeschwat, dass d’U20 géint d’Noperen aus der Belsch an eng aktuell ënnerklassesch Handball-Natioun Groussbritannien de Kierzere gezunn huet, gesäit den Trainer net als Problem fir d’Zukunft. D’Resultater vum Turnéier hätte gewisen, dass jidderee géint jiddereen hätt gewanne kënnen a Lëtzebuerg dacks gutt a laang matgehalen hätt. Dofir mengt de gebiertegen Däitsche mat Lëtzebuerger Pass, dass „mir eis keng Suerge maache mussen“, an hie gesäit de Lëtzebuerger Jugendhandball „net um falsche Wee“. Mat dem Engagement vum Didier Dinart als Hären-Nationaltrainer géif een d’Strukturen an Zukunft nach weider verbesseren an ausbauen.

Déi nächst Chance, fir hiert Kënnen ënner Beweis ze stellen, bitt sech der Lëtzebuerger Handballjugend bei der U18-Championship an Nordmazedonien. Dëst Turnéier gëtt vum 3. bis den 9. August an Nordmazedonien ausgedroen. Do treffe si an der Gruppephas op Griicheland, Holland an Estland.

Back to Top
CIM LOGO