Virschau Handball-EMKënnt Dänemark endlech géint den EM-Fluch un?

Yannick Glod
Vum 15. Januar bis den 1. Februar gëtt déi 17. Handball-Europameeschterschaft an Dänemark, Schweden an Norwegen ausgedroen. Hei e klengen Ausbléck an déi wichtegst Informatiounen.
© AFP

Neen, et ass keen Déjà-vu vun 2025. Och 2026 sinn Norwegen an Dänemark nees Co-Organisateure vun engem Hären-Turnéier. An et ass och keng Widderhuelung vun der Frae-Weltmeeschterschaft 2023, déi an deene selwechten dräi Länner stattfonnt huet. Dat stellt eng weider Kéier ënner Beweis, wéi populär den Handball an dëse skandinavesche Länner ass. Wärend 16 Deeg droe 24 Ekippe 65 Matcher aus – vun deem Pensum ass de grousse Brudder Futtball nach wäit ewech.

Ëmmer erëm Dänemark - oder awer eng Iwwerraschung?

Bei engem weideren Turnéier virun eegenem Public wëll Dänemark no dräi Weltmeeschtertitelen hannerteneen (2025, 2023, 2021) och endlech nees eng Kéier Europameeschter ginn. Fir d’lescht war hinnen dat 2012 a Serbien gelongen. Fir d’Skandinavier wär et den drëtten Europameeschtertitel insgesamt, fir de Welthandballer Mathias Gidsel den éischten.

De stäerkste Géigner um Pabeier ass wuel den Titelverdeedeger Frankräich, dee sech virun zwee Joer bei der EM an Däitschland eng véiert Kéier zum Europameeschter gekréint hat. An der Finall konnte Les Bleus sech mat 33:31 an der Verlängerung géint eeben Dänemark duerchsetzen. Weider Kandidaten op den Titel sinn de Rekordchampion Schweden (5 Mol), Däitschland a Spuenien.

Fir d’Lëtzebuerger Nationalspiller Loïc a Luke Kaysen, déi béid an der drëtter däitscher Liga spillen, sinn et “leider ëmmer déi nämmlecht Ekippen”, déi ëm den Titel matspille wäerten. Dohier hoffen déi zwee Bridder op eng kleng Iwwerraschung. De Loïc Kaysen, dee beim Longerischer SC spillt, dréckt dem Vize-Weltmeeschter Kroatien d’Daumen – och well hien zënter dem Quali-Match vun de Roude Léiwe gudde Kontakt mam Ivan Martinovic huet. Säi Brudder Luke, deen am Moment mam SV Kornwestheim ëm den Opstig an d’zweet Liga spillt, hofft op eng gutt Leeschtung vun Island.

Béid soen, dass Dänemark kloer an der Favoritteroll ass, virun allem d’Breet an d’Ofgezocktheet vum Kader wären e Virdeel. “Wa si un hire Maximum ginn, kann do wierklech keen erukommen”, befënnt de Luke Kaysen. Säin eelere Brudder gesäit awer eng kleng Chance fir déi aner Natiounen. Wa sech Dänemark ze sécher wär, da wär eng Iwwerraschung méiglech. Gidsel a Co misste kucken, “dass si de Match net ze einfach aus der Hand ginn”.

Italien a Färöer bei der EM - a Lëtzebuerg?

Italien huet sech no 1998 eng zweet Kéier fir eng Europameeschterschaft qualifizéiert – 2025 ware si scho bei der Weltmeeschterschaft dobäi. Zënter Mäerz 2025 huet den Däitsche Bob Hanning, deen och eng Zäit laang als neien Directeur général bei der FLH am Gespréich war, d’Leedung bei der Azzurri iwwerholl a wëll an der Grupp F déi grouss Ekippen Ungarn an Island iergeren. Mat de Färöer Inselen ass eng weider Ekipp bei dëser EM dobäi, géint déi Lëtzebuerg virun e puer Joer nach an der Qualifikatioun gewonnen huet.

Den Ënnerscheed an der Evolutioun vun deenen dräi Natioune wär fir de Loïc a Luke Kaysen, dass Italieener an d’Feringer et hikruten, “net nëmmen een oder zwee [Spiller] an d’Bundesliga ze kréien”. Et misst een awer kucken, wéi si hir Leeschtungen “op internationalem Plang op den Terrain bréngen” wäerten. De Knackpunkt wäert hirer Usiicht no ginn, dass béid Ekippen net vill wiessele kënnen. Allgemeng trauen d’Gebridder Kaysen souwuel Italien wéi de Färöer Inselen zou, an d’Haaptronn ze kommen. Mä och d’Schwäiz a Portugal kéinten an hiren Aen eng gutt Roll anhuelen.

Den éischten Opreeger gouf et scho virum Start vun der Europameeschterschaft. Kuerz virum Optakt hat d’EHF bekannt ginn, dass den erfuerenen nordmazedoneschen Arbitterduo Nachevski/Nikolov wéinst angeeblecher KI-Manipulatioun vun hirem Leeschtungstest zeréckgezu gouf.

Op alle Fall gëtt vum 15. Januar un eng 17. Kéier de Champion vum europäesche Kontinent gesicht. Bis den 20. Januar ginn d’Matcher an der Virronn gespillt, wou déi zwou éischt Ekippen aus all Grupp weiderkommen. Duerno geet et an der Haaptronn weider, wou an zwou Sechser-Gruppen nach véier weider Matcher gespillt ginn. D’Resultat an d’Punkte géint de Géigner aus der Virronn gi matgeholl. Uschléissend qualifizéiere sech déi zwou bescht Ekippen aus all Grupp fir d’Halleffinallen.

De Lëtzebuerger Public kann d’Matcher vun der Handball-EM 2026 op der franséischer oder däitscher Tëlee suivéieren (awer just d’Matcher vun hiren Nationalekippen), oder per Abonnement all d’Partien op EHFTV.com kucken.

Opdeelung vun de Gruppen
Grupp A: Däitschland, Spuenien, Éisträich, Serbien
Grupp B: Dänemark, Portugal, Nordmazedonien, Rumänien
Grupp C: Frankräich, Norwegen, Tschechien, Ukrain
Grupp D: Slowenien, Färöer Inselen, Montenegro, Schwäiz
Grupp E: Schweden, Kroatien, Holland, Georgien
Grupp F: Ungarn, Island, Polen, Italien

Back to Top
CIM LOGO