
Am Häre-Championnat war et den 11. Spilldag an de leschte fir d’Joer 2025. E Mëttwoch steet nach den Nodrosmatch tëscht Käerjeng an Diddeleng um Programm.
Diddeleng huet sech um Enn mat 43:33 géint eng staark deziméiert Escher Ekipp duerchgesat. Am Ufank hat et awer net esou kloer ausgesinn, well Esch alles erageheit huet. An der 18. Minutt louchen d’Gäscht no engem 4:0-Laf souguer 14:11 vir, wat den Dusko Bilanovic zu engem Timeout gezwongen huet. Dat huet Diddeleng waakreg gerëselt a si konnte sech bis an d’Paus op 22:18 ofsetzen. De Matush Lallemang am Diddelenger Gol, deen nom Timeout op den Terrain koum, huet säin Deel zu dëser Féierung mat enger Rëtsch Parade bäigedroen.
Et hat ee scho virum Gang an d’Kabinne gemierkt, dass bei den Escher d’Loft eraus war. Nom Säitewiessel huet sech dat confirméiert an Diddeleng konnt bannent 10 Minutten op 9 Goler ewechzéien (29:20), woumat d’Mass gelies war. Trotz dem klore Resultat war eng onnéideg Aggressivitéit am Match: den HBD krut fënnef Zäitstrofen, Esch der esouguer néng an nach eng direkt Disqualifikatioun dobäi. Bei enger Aktioun huet sech den Diddelenger Olivier Goergen wuel schwéier blesséiert. D’Fiiss hunn op alle Fall eppes fir hiert Golverhältnis gemaach.
De Match stoung natierlech och am Zeeche vum Allermatch, deen Diddeleng 29:30 verluer hat, uschléissend awer Protest ageluecht hat. Den Oflaf dovu kënnt Dir hei nach eng Kéier noliesen.
Zu Nidderkuer hat de Standard d’Sensatioun an der Hand, mee um Enn musse sech d’Stater mat 27:29 beim Champion Red Boys Déifferdeng geschloe ginn. Schonn an der Paus haten d’Spectateuren net schlecht gestaunt, wéi si d’Resultat vu 14:14 um Tablo gesinn hunn. Och am zweeten Duerchgang konnt de Standard mathalen a louch eng gutt Zäit vir. Si hu virun allem vun de villen Zäitstrofen an zwou direkte Roude Kaarte fir Déifferdeng profitéiert. An der Schlussphas konnt Déifferdeng de Match awer nach zéien. Den HC Standard hat e gudden Dag erwëscht a konnt seng Ambitiounen, eng grouss Ekipp ze iergeren, no enger Rei kloren Néierlagen emol nees ënnermaueren; an dat mat dräi Spiller manner um Spillbou. De Raphaël Kali war Man of the Match beim HCS: Hie konnt 10 Goler bäisteieren.
Den HC Bierchem huet sech vun der Néierlag ënnert der Woch géint Déifferdeng gutt erholl a beim HB Käerjeng kloer 40:32 gewonnen. D’Réiserbänner hu vun Ufank u kloer gemaach, dass si déi zwee Punkte mat heem huele wëllen a louchen no 10 Minutte scho sechs Goler (9:3) vir. Dësem Réckstand ass Käerjeng bis an d’Paus nogelaf (16:21). Och an der zweeter Hallschent huet Bierchem näischt ubrenne gelooss an de Match souverän op en Enn bruecht.
E Sonndeg treffen nach de Chev Dikrech an d’Esperance Rëmeleng am Spëtzematch ëm Plaz 6 openeen.
Bei den Damme stoung de leschte Spilldag vum reguläre Championnat un. No der Wanterpaus geet am Januar mam Playoff zu véier Ekippe weider. Hei ginn d’Punkten aus dem reguläre Championnat an d’Positionnementsmatcher matgeholl. De Standard an Esch spillen eng Véierelsfinall géint déi zwou bescht Ekippen aus dem Playdown – dat wären aktuell de Chev Dikrech a Miersch. An dëse Matcher ginn och d’Ofsteiger, respektiv d’Opsteiger, ermëttelt.
Am Spëtzematch huet den HB Käerjeng Revanche geholl a mat 24:19 géint den HB Diddeleng gewonnen; an dat ouni d’Daria Milek. Eréischt virun 10 Deeg hat de Coupgewënner den Nodrosmatch vum 5. Spilldag mat 25:24 fir sech entscheet.
Diddeleng konnt iwwer 60 Minutten ni d’Féierung iwwerhuelen an ass meeschtens engem Réckstand vun dräi, véier Goler hannendru gelaf. Virun allem d’Teodora Galic krut d’HBD-Defense net an de Grëff. Déi 20 Joer jonk Käerjengerin konnt an den éischten 30 Minutte 6 vun hiren insgesamt 8 Goler markéieren. Nom 12:9 an der Paus konnt Diddeleng an der 46. Minutt nees gläichzéien (17:17), dat opgrond vun der gudder Gestioun vun der aler Fuussin Kim Wirtz, mee uschléissend sinn dem HBD nees ze vill technesch Feeler ënnerlaf a bis zum Schluss just nach 2 Goler gelongen. Bei Käerjeng huet d’Zorana Jurcevic mat enger Rei Paraden an der wichteger Phas zu der verdéngter Victoire bäigedroen.
Opgrond vun der Diddelenger Néierlag ass Déifferdeng elo neien Tabelleleader. D’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren gewënnt hire Match beim HB Esch kloer 32:14 a kann am Nodrosmatch nächste Freideg géint Käerjeng dës Féierung verdeedegen – e Gläichspill géing duer.
Den HB Museldall hat méi Krämpes mam HC Standard wéi d’Tabellekonstellatioun et erwaarde gelooss huet, mee um Enn setzen d’Miselerinne sech 26:23 géint d’Ekipp aus der Stad duerch.