Handball: Suivi Diddelenger ProtestDecisioun vun der Cour d’appel ass net am Aklang mat den IHF-Reegelen

Yannick Glod
An der Affär vum Match Esch géint Diddeleng hat d'Cour d’appel vun der FLH Ufank Dezember dem Diddelenger Protest Recht ginn. RTL huet bei der IHF nogefrot.
Eng änlech Situatioun, wéi hei an der Partie géint d’Red Boys, gouf et am Match géint Esch Enn September. Diddeleng hat en direkte Fräiworf als lescht Spillaktioun.
© Val Wagner

De Protest vum HB Diddeleng géint d’Wäertung vum Match géint den HB Esch beschäftegt Handball-Lëtzebuerg zënter Enn September. Deemools gouf en Escher Spiller wéinst enger bluddeger Nues virun der leschter Spillaktioun ausgewiesselt a gouf géint d’Reegel vun engem Matspiller ersat. Den Tribunal hat de Protest an éischter Instanz ofgeleent, d’Cour d’appel e puer Woche méi spéit huet dat awer anescht gesinn an dem Protest zougestëmmt. D’Decisioun vun der Cour d’appel war, dass de Match nei gespillt gi misst. Den HB Esch geet géint dëst Urteel wuel an Appell virun d’CLAS.

Fir Liicht an dës Affär ze bréngen, huet RTL d’International Handballfederatioun (IHF) ëm eng Stellungnam gebieden, wéi an esou enger Situatioun ze verfuere wier an ob e Reegelverstouss virléich, well dës Situatioun net an hire Reegele virgesi wier.

D’IHF Playing Rules and Referee Commission (also d’Reegelkommissioun) seet an hirer Äntwert, dass et wuel wouer wier, dass e Feldspiller, egal ob e blutt oder blesséiert ass, no der Schlusssireen net méi ausgewiesselt ginn dierf – de Golkipp géing eng Ausnam duerstellen. Dohier hätt Esch eigentlech eng Mauer mat fënnef Spiller stelle mussen.

Wann d’Arbitter an d’Delegéiert dës Situatioun upäifen a soumat guttheeschen, wär et awer eng Tatsaachendecisioun a kéint net ugefecht ginn (Reegel 17.11). Dohier hätt den Diddelenger Protest an dësem Fall net dierfen akzeptéiert ginn, ausser d’Arbitteren an d’Offizieller hätten an hirem Rapport geschriwwen, dass si sech der Situatioun bewosst gewiescht wieren.

Den nationale Conseil d’appel huet der IHF-Reegelkommissioun no deemno d’Reegel falsch ugewannt. Wat fir eng Decisioun d’CLAS treffe wäert, bleift also ofzewaarden.

Statement vun der IHF Playing Rules and Referees Commission (PRC)
In such situations only the goalkeeper can be substituted if he/she is injured or the defending team is playing without goalkeeper at the moment of the final signal. Defending court players cannot enter the court, no matter what, after the final signal, until the referees have ended the half/match.

That means the defending team must have a player less in the “wall”. However, failing to observe that is also considered as “observation of facts” (Rule 17.11) and cannot lead to a protest unless the referees in their statement write that they were fully aware of the substitution and permitted it since they thought this was legal. Then we have a wrong use of the rule.

Back to Top
CIM LOGO