
No den Häre virun zwou Woche war et dëse Weekend un den Dammen. E bëssen ongewinnt hu souwuel Déifferdeng wéi Diddeleng hir zwee Matcher e Freideg a 24 Stonnen drop ausgedroen. De Coupegewënner Käerjeng huet aus finanztechnesche Grënn dës Saison op eng Participatioun an der Coupe d'Europe verzicht.
Fir Déifferdeng war no der däitlecher 19:30-Néierlag am éischte Match scho kloer, dass et virun eegenem Public net fir e Weiderkommen duergoe sollt. Och den zweete Match goung mat 24:26 verluer. Fir eng Rei Déifferdenger Spillerinne war de Match géint de montenegrinesche Vizemeeschter e Rendez-vous mat familiärem Hannergrond.
Am éischte Match louch de lëtzebuergesche Vertrieder fréi 7 Goler hannen (5:12 no 20 Minutten), a bis an d'Paus konnt Levalea op 18:10 ewechzéien. D'Gäscht hunn de Match bis zum Schluss kontrolléiert. De maximale Virsprong louch bei 12 Goler.
Am Réckmatch sollt Déifferdeng senge Spectateuren e bessere Match bidden, fir sech bei der drëtter Participatioun anstänneg aus dem European Cup ze verabschiden. Um Enn gouf et awer eng weider Néierlag. Domat muss d'Red Boys weider op déi éischt Victoire op europäeschem Plang waarden. Den Häre-Coach Marc Breser souz a béide Matcher och op der Bänk an huet d'Dammen ënnerstëtzt.
D'Ekipp vum Trainer Stéphane Mina krut d'Mëttspillerin vu Levalea, d'Andrea Dagnic, och am zweete Match net ënner Kontroll. Si konnt a béide Matcher zesummen 13 Goler markéieren. D'Resultat an den Asazwëllen hunn dës Kéier gestëmmt a sou konnt Déifferdeng souguer mat enger 14:11-Avance an d'Paus goen. Levalea huet duerno séier ausgeglach a bis an d'Schlussminutte huet sech keng Ekipp ofgesat. Schlussendlech konnten d'Montenegrinerinnen déi entscheedend Goler markéieren.
Fir den HB Diddeleng goung et iwwer den Ëmwee Kopenhagen op d'Färöer Inselen bei de Géigner H71 an d'Haaptstad Torshavn. No enger knapper Néierlag (38:41) am éischte Match waren d'Fiiss am Retourmatch an der zweeter Hallschent net méi erëmzeerkennen an hunn um Enn däitlech 24:40 verluer. Am Virfeld hat sech Diddeleng optimistesch gewisen, fir eng Ronn weiderzekommen.
79 Goler gesäit een net dacks an engem Dammematch. Zesummen hu béid Ekippen 118 Mol op de Gol geschoss (57 HBD, 61 H71), wat op en immens séiert Spill mat wéineg Akzenter an der Verteidegung hindeit.
De Statistike vun der EHF no huet d'Sarah Kupke e Freideg eng immens staark Leeschtung ofgeliwwert an den HBD mat 15 Goler aus 20 Versich am Match gehalen. Vläicht war si befligelt dovun, dass si mat de Färöer Inselen eng vun hire Wonschdestinatioune besiche konnt. Bei H71 war d'Maria Halsdottir mat 13 Goler och gutt drop.
Diddeleng war laang gutt am Match, louch mat maximal 8 Goler vir (15:7 no 20 Minutten) a war mat 21:15 an d'Kabinne gaangen. Nom Säitewiessel krut sech H71 gefaangen an d'Geschwëster Halsdottir hunn opgedréit. An der 48. Minutt konnt de feringesche Club ausgläichen (32:32) a kuerz drop d'Féierung iwwerhuelen. Mam leschte Worf huet H71 op 3 Goler Virsprong gestallt, woumat d'Hypothéik fir Diddeleng nach méi héich war.
Den Trainer Mikel Molitor hat senger Ekipp mat op de Wee ginn, dass "de Mindset op 120 Minutte gestallt" si misst. Insgesamt huet de Kapp vun de Fiiss awer just 90 Minutte matgehalen. Den Dag drop, e Samschdeg, gouf et nämlech eng däitlech Néierlag, well no der Paus net méi vill beim HBD zesummegelaf ass.
Bis an d'25. Minutt war de Score enk (12:13) an Diddeleng huet alles gemaach, fir seng europäesch Aventure ze verlängeren. Bis an d'Paus konnte sech d'Feringerinnen awer scho mat 18:14 ofsetzen, woumat e Weiderkomme schonn zimmlech onrealistesch gi war.
Nom Säitewiessel krut den HBD séier e 4:1-Laf géint sech a blouf tëscht der 35. a 44. Minutt ouni eegene Gol. Dat huet H71 genotzt, fir ewechzezéien. Den héchste Virsprong louch bei 17 Goler (38:21).
D'Feringerinne kruten d'Sarah Kupke no hirer staarker Performance e Freideg aus dem Spill geholl. Den Diddelenger Neizougang huet am zweete Match just 1 Gol markéiert. Déi meescht Goler koume vun der Kreessspillerin a Kapitänin Laura Willems (7).