
No der Victoire e Samschdeg (30:27) huet den HB Esch den zweete Match géint GRK Tikves knapp verluer. No 60 Minutte stoung et 32:33 aus der Siicht vum amtéierende Coupegewënner. An der Additioun huet sech de lëtzebuergesche Vertrieder mat zwee Goler (62:60) duerchgesat. Um Internetsite vum Handball Esch fënnt een e puer Andréck vun der Hal an dem Ëmfeld.
Esch hat e bësse gebraucht, fir an d'Spill ze fannen. No 12 Minutten hate si de Réckstand opgeholl (4:4) an hu sech duerno, wéi schonn am éischte Match, eng Avance vun 3 Goler erausgespillt. Mat engem 14:12 goung et an d'Kabinnen.
Nom Säitewiessel hat et laang geschéngt, wéi wann Esch säi Virsprong iwwer d'Zäit brénge kéint, mee ab der 49. Minutt waren déi Schwaarz-Wäiss an enger kriddeleger Phas. Fir d'éischt konnt Tikves an der 50. Minutt ausgläichen (26:26) a kuerz drop souguer a Féierung goen. No engem Timeout vum Trainer Rajko Milosevic hat et geschéngt, wéi wa seng Spiller sech nees gefaangen hätten, mee et sollt bis zum Schluss spannend bleiwen.
D'Nordmazedonier, de Sechste vun der leschter Saison, hunn ëmmer virgeluecht, Esch konnt awer noleeën an ausgläichen. An de leschten zwou Minutte waren déi Schwaarz-Wäiss mat zwee Mann an Ënnerzuel, well de Muric an de Cabral eng Zäitstrof kruten. An dëser Konstellatioun konnt den Agovic 70 Sekonne viru Schluss ausgläichen, woumat d'Weiderkomme geséchert war.
Esch kann dem Afonso Duarte Clemente Merci soen, dee mat sengen 8 Goler de Garant fir dëst Resultat war. Mee och Agovic, Aranda a Barkow hunn Esch mat jee 5 Goler am Match gehalen. Et ass dat éischt Weiderkomme vum Fusiounsveräin zënter der Saison 2021/22 am European Cup.
Am zweeten Tour si mat Bierchem, Déifferdeng an Esch dräi lëtzebuergesch Ekippen dobäi. D'Matcher ginn de Weekend vum 17. a 24. Oktober ausgedroen. Hei waarden eventuell staark Géigner, wéi d'Gewënner vun de leschten zwou Editiounen, GRK Ohrid an HC Alkaloid, mee och d'griichesch Ekippen Olympiakos an AEK Athen, déi an de leschte Joren an der Finall stoungen.
Den 2. an 3. Oktober spillen d'Dammen hir Matcher am European Cup. Déifferdeng spillt en Double Header zu Uewerkuer géint Levalea aus Montenegro an Diddeleng reest fir seng zwee Matcher géint H71 op d'Färöer Inselen.