FLH-Damme mat neier TrainerinZwee Matcher géint Groussbritannien sti virun der Dier

Serge Olmo
Déi nei Nationaltrainerin Nina Kanto huet hir Ekipp fir zwee Qualifikatiounsmatcher géint Groussbritannien zesummegeruff. RTL war bei der Preparatioun dobäi.
FLH-Damme preparéiere sech op Matcher géint Groussbritannien
Et wäerten déi éischt offiziell Matcher ënner der neier Nationaltrainerin Nina Kanto sinn.

Den 21. an de 25. Oktober spillt d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp vun den Dammen zwee WM-Qualifikatiounsmatcher géint Groussbritannien. Den Allermatch gëtt an England gespillt, den zweete Rendez-vous ass an der Coque um Kierchbierg. Et geet een dovun aus, datt et reell Chancë gëtt fir d’Rout Léiwinnen, fir dësen Tour ze packen.

D'Nina Kanto ass zanter Juni op der Trainerbänk. Virun dëse Quali-Matcher waren ënnert der fréierer franséischer Nationalspillerin schonn zwee Stagen. Den definitive Kader mat 18 Spillerinne gëtt steet eréischt kuerz virum Depart fest.

Op der Pressekonferenz hunn zwou erfuere Spillerinnen, an zwar d’Joy Wirtz an d’Laura Willems, alle béid vum HB Diddeleng, hir Impressiounen zu den éischten Trainingsunitéite mat deem neie Staff matgedeelt an hir Erwaardunge fir déi éischt Rendez-vousen.

D’Nina Kanto huet laang op héchstem Niveau gespillt an ass nach ëmmer parallel Responsabel vum Formatiounszenter vu Metz Handball. Metz huet jo déi lescht Champions League bei den Damme gewonnen. D’Spillerinne spieren, datt déi nei Nationaltrainerin dee Professionalismus verkierpert.

Déi lescht Jore waren d’Resultater vun de Léiwinnen net brillant bei de Qualifikatiounen. Deelweis waren d'Géigner och vun engem anere Kaliber. Eng Qualifikatioun géint Groussbritannien ass méiglech, wat fir den Dammenhandball en Evenement wier. Mee de Géigner ass op kee Fall ze ënnerschätzen.

Well een nach net vill Preparatiounsmatcher hat, ass et schwéier soen, ob d’Ekipp sech scho fonnt huet. Fir de Lëtzebuerger Handball wier et wichteg, wann no den zwee Matcher géint Groussbritannien eng positiv Kierpersprooch bei Spillerinnen a Staff observéiert kéint.

Back to Top
CIM LOGO