U16-Basket-EM1. Plaz fir Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Finall vun der Europameeschterschaft (Divisioun C) sinn d'rout Léiwe géint Andorra, de Vainqueur vum leschte Joer, ugetrueden.

© flbb.lu

Andorra huet wéi erwaart ganz aggressiv verdeedegt, an huet ëmmer erëm de schnellen Ofschloss gesicht a probéiert hiren Titel ze halen.

Mat der Schluss-Sireen stoung et awer 78:50, an d’rout Léiwe konnten hirer Freed fräie Laf loossen. Si hu mat dëser Victoire den Opstig perfekt gemaach.
Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

HANSEN Pit 7, JONSSON Lenny DNP (injury), LOGELIN Max 13 (2), MUSY Maxence 6, STREEF Sam 9, BAUSTERT Pierre 3, TOUSSAINT Nicolas 6, THILL Damien 7 (1) , JACOBS Alain, DIEDERICH Jonathan 17, KURESEVIC Ivor 14, LORUSSO Matteo 2.

Back to Top
CIM LOGO