
Zu Lake Louis a Kanada stoung e Sonndeg den Owend am Schi-Alpin-Weltcup bei den Dammen e Super-G um Programm. Mat enger Minutt an 20 Sekonnen huet sech déi däitsch Viktoria Rebensburg d’Victoire geséchert. Op déi zweete Plaz ass d’Nicole Delago gefuer. D’Italienerin hat e Retard vu 35 Honnertstel. Um Podium stoung nach d’Schwäizerin Corinne Suter mat engem Réckstand vun 42 Honnertstel.
Fir d’Rebensburg ass et déi éischt Victoire an dësem Wanter.
D’Häre waren dëse Weekend zu Beaver Creek an den USA gefuerdert. E Sonndeg den Owend huet den Tommy Ford seng Konkurrenten iwwerrascht. Den US-Amerikaner huet de Riseslalom gewonnen, déi éischt Victoire am Weltcup fir den 30 Joer ale Schifuerer. Um Podium stoungen nach déi zwee Norweger Henrik Kristoffersen a Leif Kristian Nestvold-Haugen. Si haten e Retard vun 80 Honnertstel respektiv 1 Sekonn an 23 Honnertstel.