
De Lebron James, mëttlerweil 40 Joer al an a senger 23. Saison an der NBA aktiv, huet bei enger 123:120 Victoire vun de Los Angeles Lakers géint d’Toronto Raptors 8 Punkten an 11 Assists markéiert. Et ass déi éischte Kéier no 1297 Matcher an der regulärer Saison, dass de James net mindestens 10 Punkte markéiert.
De Start vu senger Serie war viru bal 19 Joer am Januar 2007, deemools war hie nach fir d’Cleveland Cavaliers aktiv. De Lebron James steet op der Scorer-Lëscht scho ganz uewe mat aktuell knapp iwwer 42.268 Punkten an der regulärer Saison, e Rekord, dee vu ville Leit als onerreechbar fir zukünfteg Spiller agestuuft gëtt.
Champion OKC mat exzellentem Start
De Start vun der Saison ass aktuell gepräägt vun engem enorm staarke Champion. D’Oklahoma City Thunder hunn 21 vun den éischte 22 Matcher gewonnen. An der Western Conference stinn d’Lakers aktuell op Plaz 2 mat 16 Victoiren a 5 Defaiten. Am Osten stinn d’Detroit Pistons mat 17 Victoiren a 5 Defaiten op der éischter Plaz.