Zu iwwer 10.000 waren se zu Paräis vertrueden. Déi beschte Sportlerinnen a Sportler vun der ganzer Welt hunn zwou Woche laang ëm Gold, Selwer a Bronze gekämpft. Am Ganze goufen an den 32 olympesche Sportaarten eng 850 Medaile verdeelt. An dës hunn d’Athleten och op der Ofschlosszeremonie ganz houfreg presentéiert, zesumme mam Fändel vun hirem Land.
Déi olympesch Flam ass ausgeblose ginn an domadder sinn déi olympesch Spiller zu Paräis offiziell op en Enn gaangen. Ma déi franséisch Haaptstad huet et sech net huele gelooss, nach emol eng spektakulär Show fir den Ofschloss op d’Been ze stellen. Fir Lëtzebuerg huet d’Liichtathletin Patrizia van der Weken de Fändel gedroen. Trotz de groussen an imposante musikaleschen Acts stoung natierlech de Sport weider am Vierdergrond. Esou goufen ënnert anerem d’Medaile fir de Marathon bei de Frae verginn.
Gewonnen huet d’Leeferin Sifan Hassan aus Holland. Mat engem Sprint op de leschte Meter ass si just 3 Sekonne virun der Ethiopierin ukomm an huet mat enger Zäit vun 2 Stonnen, 22 Minutten a 55 Sekonnen en neien olympesche Rekord opgestallt.
Am Ganze goufen iwwregens op dësen olympesche Spiller 32 olympesch Rekorde verbessert an 10 Weltrekorde gebrach. Dat zum Beispill am Bouschéissen, am Héichsprong oder och nach am Klammen. Déi meeschte Medailen konnten sech d’USA sécheren, viru China a Japan.

Mat bal 10 Milliounen verkaaften Ticketen hunn esou vill Leit wéi nach ni d’Olympesch Spiller gekuckt.
Um Enn vun der Show huet d’Buergermeeschtesch vu Paräis, Anne Hidalgo, den olympesche Fändel mat de fënnef Réng un d’Buergermeeschtesch vu Los Angeles d’Karen Bass iwwerreecht. Do ginn 2028 déi nächst Olympesch Spiller organiséiert.
Ma ganz ass et mat der sportlecher Ambiance zu Paräis awer net eriwwer. 4.400 Athletinnen an Athleten triede vum 28. August un op de paralympesche Spiller géinteneen un. Ganz feierlech gouf de franséische Fändel dofir un déi paralympesch Sportlerinnen a Sportler iwwerreecht.