D'Marie Schreiber huet den internationale Cyclocross zu Conter bei den Damme gewonnen. D'Lëtzebuerger Championne huet de Cross dominéiert a vum éischten Tour un der Konkurrenz keng Chance gelooss. Op der Arrivée hat si eng Avance vun iwwer 3 Minutten op déi zweet Sterre Vervloet aus der Belsch. Déi drëtt Plaz war fir d'Joyce Vanderbeken, och aus der Belsch. D'Maïté Barthels konnt sech als 4. klasséieren.
Bei den Hären ass d'Victoire un den Aerne Baers gaangen. De Belsch aus der Ekipp vum fréiere Weltmeeschter Sven Nys huet sech am éischten Tour zesumme mam Hollänner van Lierop vun der Konkurrenz ofgesat a konnt sech duerno séier un der Spëtzt vun der Course isoléieren. Hannendru war et laang spannend fir déi 3. Plaz. De Lëtzebuerger Lennox Papi ass do laang an engem Grupp mat e puer jonke belsche Coureuren an dem däitsche Jonas Köpsel gefuer. Am drëttleschten Tour konnt de Leader vum Skoda Cross Cup sech awer ofsetzen a sech déi 3. Plaz sécheren. Hien hat e Retard vun 2 Minutten an 43 Sekonnen op de Vainqueur Baers. Déi 4. Plaz war fir de Jonas Köpsel, dat virum Wys Nuyens an dem Keano Geens.
Bei de Juniore war et eng ganz spannend Course. Am zweete vun am ganze sechs Tier konnt sech de Lëtzebuerger Champion Ben Fleming zesumme mat de Belsch Mathiz Thielens a Senna Cami ofsetzen. Zwee Tier virun der Arrivée huet de Ben Fleming attackéiert, gouf awer gekontert an huet sech um Enn mat e puer Sekonne Retard als 3. klasséiert. Gewonne gouf d'Course vum Mathiz Thielens virum Senne Cami. Bei de Juniorinne gouf et eng Victoire fir d'June Nothum. Si konnt sech virum Sarah Koenig duerchsetzen.
Bei den Debutante gouf et eng Victoire fir de Lëtzebuerger Champion Yannis Elsen. De Coureur vum CT Atertdaul war op deem schwéiere Parcours méi staark wéi déi zwee Dippecher Bjarne Bauer a Louis Baustert. Bescht Debutante war nees d'Enola Walch virum Maxine Steinbach.