Triathlon-Weltcup18. Plaz fir de Stefan Zachäus zu Santo Domingo

RTL Lëtzebuerg
Den US-Amerikaner Matthew McElroy huet an der Dominikanescher Republik déi leschte Manche vum Triathlon-Weltcup gewonnen.
© ITU Media

Beim Triathlon Weltcup an der Dominikanescher Republik gouf et een Triplé fir d’USA. Zu Santo Domingo huet de Matthew McElroy sech no 1500 Meter Schwammen, 40 Kilometer Vëlo an 10 Kilometer Lafen mat engem Virsprong vun 21 Sekonnen virum Kevin McDowell duerchgesat. De Morgan Pearson hate als Drëtten e Retard vun 28 Sekonnen op de Gewënner.

Als beschte Lëtzebuerger ass de Stefan Zachäus den 18. ginn. Hien hat e Retard vun 3 Minutten an 28 Sekonnen. Fir de Bob Haller war et déi 24. Plaz op iwwer 4 Minutten.

© Viviane Sloniewicz

Back to Top
CIM LOGO