
De Julien Henx huet mat sengem Landesrekord vun 21,78 Sekonnen de Grondsteen fir dës Leeschtung geluecht. Hannendru schwammen de Rémi Fabiani (22,93), Raphaël Stacchiotti (22,00) a Max Mannes (22,13) um Enn eng 15. Plaz eraus.
De Pit Brandenburger hat kee gudden Dag. Den Déifferdenger ass iwwer 400m Crawl 5 Sekonnen ënnert senger perséinlecher Beschtzäit bliwwen a schléit no 3min51,97 un.
Den EM-Rookie Rémi Fabiani war extrem motivéiert. An der Hallschent vun der 200m-Récke-Course loung hie mat 56,27 Sekonne ronn 1 Sekonnen ënnert der Zäit vu senger Tëschenzäit beim Rekord virun 2 Wochen. An der zweeter Hallschent vun der Course konnt hien deen Tempo awer net méi halen, realiséiert mat 1min57,35 awer seng zweetbescht Zäit iwwert déi Distanz.
Iwwer 100m Papillon kënnt de Julien Henx op déi 49. ënner 61 Konkurrenten, dat mat enger Zäit vun 53,40 Sekonnen. Domat verpasst hie seng Beschtzäit vun 52,86 Sekonnen aus dem Joer 2017.