Biathlon2. Victoire am Weltcup fir de Benedikt Doll

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet de Benedikt Doll am Sprint iwwer 10 Kilometer zu Annecy-Le Grand-Bornand eng perfekt Course gewisen a verdéngt gewonnen.
© AFP

En Donneschdeg stoung déi éischt Course fir d’Biathlon-Häre beim Weltcup zu Annecy a Frankräich um Programm. De Benedikt Doll war am Sprint dee Beschten. Den Däitschen ass iwwert déi 10 Kilometer ouni Feeler bliwwen an huet sech mat engem Virsprong vun 9 Sekonnen op den Norweger Tarjei Bö d’Victoire geséchert. Um Podium stoung nach de Fransous Quentin Fillon Maillet mat engem Retard vun 11 Sekonnen.

De Johannes Thignes Bö huet sech misse mat der 4. Plaz zefridde ginn. Den Norweger war nees de Séiersten op der Streck, ma duerch zwee Feeler am Schéissen ass et näischt mat der Victoire ginn.

Back to Top
CIM LOGO