Parlamentaresch Fro2018 hu 27 Sport-Federatiounen am Ganzen 327 Subsiden ugefrot

RTL Lëtzebuerg
E Lëtzebuerger Sportsclub, dee Member bei enger Federatioun ass, kann eng staatlech Ënnerstëtzung froen.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Zënter 2 Joer gëtt et de “Subside de Base” an dernieft de sougenannte “Subside-Qualité +". Beim lescht genannte sinn ënner anerem d’Ufuerderunge fir den Trainer vu jonke Leit ënner 16 Joer méi héich.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding verweist op en héijen administrativen Opwand an op d’Wichtegkeet vu Benevollen.
An enger Parlamentarescher Fro huet hie beim Sportminister Dan Kersch d’Detailer gefrot.

QP iwwer Sportsubsiden / Reportage Pit Everling

E gewëssen administrativen Opwand wier evident, äntwert dee Minister. Elleng wéinst dem Dateschutz missten d’Demanden exklusiv iwwer déi elektronesch a securiséiert Plattform “MyGuichet” gemaach ginn. Zejoert hätt de gréissten Deel vun de Veräiner déi Demarchen awer gutt gemeeschtert.

Et wier de Veräiner elo och scho méiglech, d’Donnéeë vu Joer zu Joer ze kopéieren. De Sportsministère stéing och bei allem Ried an Äntwert.

Zejoert hu Veräiner vu 27 Federatiounen am Ganzen 327 Subsiden ugefrot. 3,4 Mio € wieren esou an d’Jugendaarbecht vun de Veräiner gefloss, heescht et weider an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro.

Wat de “Subside Qualité +" ugeet, sou wier dee mat Sportsacteuren, notamment dem Comité Olympique, ausgeschafft ginn.

Et soll e besonnesche Wäert op d’Qualitéit vun der Betreiung vu Jonke geluecht ginn, dat mat Traineren, déi eng gewëss Qualifikatioun kënne virweisen. Op d’mannst 50% vun deenen Trainere mussen als Minimum den C-Schäi gemaach hunn, déi aner mussen eng Pré-Formatioun Opweises hunn oder eng Experienz vun 10 Joer.

Et wier also effektiv esou, datt soubal en Trainer ouni Qualifikatioun op der Demande steet, de Veräin d’Konditioune fir de “Subside Qualité +" net erfëllt.

D’Traineren ouni Diplom kéinten awer eng Validatioun vun hirer Experienz ufroen. Sportler déi 10 Joer aktiv ware kéinten e Cours vun 8 Stonne bei der zoustänneger nationaler Sportschoul ENEPS maachen. Och fir d’Léierpersonal an d’Educateure wieren avantagéis Konditioune virgesinn.

D’ENEPS ass iwwerdeems och zoustänneg fir auslännesch Trainerschäiner ze homologéieren.

De Sportsministère géing den Ament d’Experienzen aus de leschten 2 Joer evaluéieren, also kucke wat déi Subside bréngen. Op Basis vun deem wat do eraus kënnt, gëtt d’Reglement dann iwwerschafft, am Sënn vun der Reform vun den Trainerformatiounen an och am Sënn vun enger administrativer Vereinfachung.

PDF: Parlamentaresch Fro iwwert Sportsubsiden

Back to Top
CIM LOGO