Meeting St. Wendel21,08 Meter a Victoire fir de Bob Bertemes am Bommstoussen
Zwou Wochen nodeems de Bob Bertemes de Lëtzebuerger Rekord op 21,29 Meter gesat hat, huet hien nees iwwer 21 Meter gestouss.
Verëffentlecht: 30.06.19 19:11, Update: 04.12.25 08:14
Bei de Süddeutsche Meisterschaften zu St. Wendel an Däitschland huet sech de Bob Bertemes mat 21 Meter an 8 Zentimeter d'Victoire geséchert. D'Plazen zwee an dräi ware fir den Tobias Dahm mat 19,43 Meter an den Dennis Lukas mat 19 Meter.