
Beim Senior-Turnéier zu Tokio ginn dräi Karateka aus dem Grand-Duché un de Start.
D’Jenny Warling gouf fir d’Kategorie -55kg iwwert d’FLAM (Fédération Luxembourgeoise des Arts Martiaux) nominéiert. Als Junior war hatt bis Oktober 2018 op der 1. Plaz vun der WKF-Welt-Ranglëscht, als Senior ass hatt zurzäit op der 20. Plaz.
Beim Kumité ass d’Kimberly Nelting (KC Niederanven) am Grupp -61kg dobäi an den Jordan Neves (KC Déifferdeng) an der Gewiicht-Kategorie -67kg. D’Participatioun vu béide Sportler gëtt vun hirem Club finanzéiert.
Coach vun den dräi Lëtzebuerger Participanten ass dëst Joer de Michael Lecaplain, FLAM-Nationaltrainer.