
An der drëtter Véierelsfinall krut et de Russ Andrey Rublev (ATP 7) mam Kroat Marin Cilic (ATP 23) ze dinn. Et war e Match, wou sech béid Spiller näischt geschenkt hunn an deen hin an hier goung. Den éischte Saz Konnt de Rublev mat 7:5 fir sech entscheeden, dono huet den Cilic mat 6:3 nogeluecht an och den drëtte Saz mat 6:4 gewonnen. Well de Rublev awer de fënnefte Saz mat 6:3 gewanne konnt, koum et zum entscheedende fënnefte Saz. An och hei konnt net wierklech ee sech behaapten. Beim Stand vu 6:6 huet et missten an den Tiebreak goen. An hei hat de Kroat déi besser Loft. Am Ufank vum Tiebreak stoung et nach 2:2, ma zum Schluss setzt den Cilic sech mat hei mat 10:2 duerch a gewannt den decisive fënnefte Saz esou mat 7:6.
An den Halleffinalle kritt et de Marin Cilic mam Casper Ruud ze dinn. Den Norweger huet sech a 4 Sätz mat 6:1, 4:6, 7:6 (7:2) a 6:3 géint den Dän Holger Rune duerchgesat.
Fir de Ruud ass et déi éischte Kéier a senger nach jonker Karriär, datt hien an den Halleffinalle vun engem Grand Slam steet.
D’Halleffinallen am Iwwerbléck:
Rafael Nadal (5) - Alexander Zverev (3)
Casper Ruud (8) - Marin Cilic (20)
E Mëttwoch de Mëtteg konnt sech d’Daria Kasatkina eng éischte Kéier an hirer Karriär fir d’Halleffinall vun engem Grand-Slam-Tournoi qualifizéieren. Déi 25 Joer jonk Russin huet sech nämlech mat 6:4 a 7:6 géint hir Landsfra Veronika Kudermetova duerchgesat. An der Ronn vun de bescht 4 kritt d’Kasatkina et elo mat der Nummer 1 vun der Welt ze dinn, mam Iga Swiatek. Déi 21 Joer jonk Polin huet géint d’Jessica Pegula aus den USA absolut näischt ubrenne gelooss a gewënnt hir Véierelsfinall mat 6:3 a 6:2. Fir d’Swiatek war et iwwerdeems déi 33. Victoire hannerteneen.
D’Halleffinallen am Iwwerbléck:
Iga Swiatek (1) - Daria Kasatkina (20)
Martina Trevisan - Cori Gauff (18)
RTL-News: Zverev an Nadal bei den Hären, Trevisan a Gauff bei den Damme weider