Olympesch JugendspillerLëtzebuerger Triathlet Emile Vanolst huet Sëlwer gewonnen

Tom Nols
De 17 Joer ale Sportler huet sech zu Dakar op de Youth Olympic Games déi zweete Plaz geséchert.
Den Emile Vanolst huet op den olympesche Jugendspiller zu Dakar d'Sëlwermedail am Triathlon gewonnen.
Den Emile Vanolst huet op den olympesche Jugendspiller zu Dakar d'Sëlwermedail am Triathlon gewonnen.
© COSL

En Donneschdeg huet den Emile Vanolst op de Youth Olympic Games d'Sëlwermedail am Triathlon gewonnen. De Lëtzebuerger war no 750 Meter am Waasser, 20 Kilometer um Vëlo a 5 Kilometer Lafstreck deen Zweeten zu Dakar. No der Epreuve war de Vanolst souguer liicht enttäuscht, dass hien net Gold gewonnen huet. Hie koum 10 Sekonnen hannert dem portugisesche Gewënner Artur Gaspar an d'Zil.

De 17 Joer alen Triathlet hat sech an der Sauna op d'Hëtzt am Senegal preparéiert. Scho virun e puer Wochen op der Jugend-Europameeschterschaft a Spuenien hat sech de Vanolst dem Gaspar musse geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO