
Op der 136. Generalversammlung vum International Football Association Board (IFAB) gouf elo decidéiert, datt dës eigentlech zäitlech begrenzte Reegel bestoe bleiwe soll. Deemno dierf een elo och an Zukunft weiderhi fënnef Auswiesslunge maachen, dat bei dräi Geleeënheete plus der Halbzeit.
Grond dofir wier déi positiv Réckmeldung aus de Veräiner an den nationale Verbänn. Dofir kënnen Ekippen och mat engem gréissere Kader an e Match goen, amplaz maximal 12 sinn an Zukunft bis zu 15 Awiesselspiller um Spillbou méiglech.
Fir d’Weltmeeschterschaft am Katar (21. November bis 18. Dezember) kéint iwwerdeems schonns eng hallefautomatesch Abseitstechnologie an den Asaz kommen. D’Tester wieren “immens villverspriechend”, sot de Fifa-President Gianni Infantino.