Dëse Veräin, deen de Lëtzebuerger Vëlosport ënnert dem Impuls vum Marcel Gilles immens gepräägt huet, feiert dëst Joer de 50. Gebuertsdag. Am Centre Sportif "Um Ewent" zu Conter gëtt aktuell op eng laang an erfollegräich Veräinsgeschicht zeréckgekuckt. De leschte Weekend war zu Conter den Internationale Cyclocross. Hei hat d’Marie Schreiber bei den Damme gewonnen a bei den Häre war de Belsch Arne Baers de Vainqueur.
De Veräi vu Conter hat schonn dacks di weltbeschte Sportler um Depart stoen. Sou war et zum Beispill am Joer 2003, wéi den deemolege Weltmeeschter Mario de Clerq säi Comeback am Cyclocross zu Contern gefeiert hat.
Nieft dem Cyclocross organiséiert de Veräin och hier regional Coursse wéi de GP Francois Faber oder de GP Ost am Fréijoer. Dobäi kënnt och nach d’Organisatioun vun der Cyclosportive "La Charly Gaul", déi all Joers Dausende vu Vëlosbegeeschterter op Iechternach zitt.
Nach bis e Freiden den Owend kann een d’Ausstellung zu Conter am Centre sportif besiche goen, ier se dann op Alzeng plënnert.