Karate K1 Premier League5. Plaz fir Jenny Warling op offizieller Weltranglëscht vu WKF

RTL Lëtzebuerg
D'Jenny Warling kënnt an der offizieller Weltranglëscht vun der World Karate Federation op Plaz 5. Dat sinn zwou Plaze besser ewéi nach 2021.
© FLAM Facebook

Domat ass dëst dat bescht Resultat, op dat et d’Lëtzebuerger Sportlerin aus dem COSL-Elitekader a senger Karriär gepackt huet.

Zwar hat d’Jenny Warling leschte Weekend zu Fujairah am Kampf ëm d’Bronzemedail géint d’Ahlam Youssef verluer, hat awer alles an allem eng gutt Gesamtleeschtung a koum och hei op Plaz 5.

Den nächsten internationalen Tournoi ass vum 22. bis de 24. Abrëll zu Porto. Och dëst ass ee vun de fënnef prestigiéise Premier League Tournoie vun 2022. An de Kampf ginn hei déi 32 bescht Athlete vun der Welt.

Back to Top
CIM LOGO