Grousse Präis vu São PauloÉischt Course als Weltmeeschter beim groussen Idol doheem

Serge Pauly
De Kimi Antonelli huet ee grousst Idol: den Ayrton Senna. Wéi den Zoufall et wëllt, fiert hie seng éischt Course als neien F1-Weltmeeschter zu Interlagos, also quasi beim Senna doheem.
De Kimi Antonelli fiert a Brasilien mat engem speziellen Helm-Design.
© Instagram kimi.antonelli

D'Virschau op de Grousse Präis vu São Paulo

D'Passioun vum Kimi Antonelli fir den Ayrton Senna ass esou grouss, dass hien d'nächst Saison esouguer op d'Startnummer 1 verzichte wäert. Hie bleift senger 12 trei. Well déi him an der Vergaangenheet Gléck bruecht huet, a well den Ayrton Senna bei Lotus mat der Startnummer 12 gefuer ass, a mat där Startnummer och 1988 säin éischte WM-Titel gewonnen huet.
 
D'lescht Joer ass den Italieener virum Grand-Prix-Weekend vu São Paulo um Graf vu sengem grousse Virbild passéiert. Dëst Joer konnt hien esouguer d'Famill vum dräifache Formel-1-Weltmeeschter besichen. Dass hie sech dobäi och an en ale Senna-Lotus huet duerfte sëtzen, huet hie besonnesch beandrockt. De Weekend selwer fiert hie mat engem Spezialhelm a brasilianesche Faarwen, ee weideren Hommage un den Ayrton Senna.

Trotz villen emotionale Momenter, huet den Antonelli dëse Weekend och nach déi eng oder aner sportlech Aufgab ze léisen. Esou muss hie Mercedes hëllefen, de Constructeurstitel an dréchen Dicher ze bréngen. Deen Titel ass fir d'Ecurien an hir Mataarbechter nämlech méi wichteg wéi de Fuerertitel, wéi den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl aus eegener Erfarung weess: "D’Revenuen, déi se vun der FIA kréien, falen extrem staark, jee nodeem, ob een zweeten, drëtte, véierte gëtt. Do schwätzt een net vun eng oder zwou Milliounen, éischter vun zwanzeg oder drësseg Milliounen Ënnerscheed. An natierlech och fir d'Leit, déi an den Ecurië schaffen. Eng zweete Plaz ass definitiv nach ee Bonus, deen ee mierkt, mat deem een eppes ka maachen. Eng drëtte Plaz ass schonn nëmmen nach eppes Symbolesches, awer näischt wat engem d’Ham vun der Schmier hëlt.“
 
Fir de Sak zu São Paulo zouzemaachen, muss Mercedes op d'mannst dräi Punkte méi sammele wéi Ferrari. Dat ass awer méi einfach gesot, wéi gemaach. Déi dräi lescht Weekender hunn déi Sëlwreg punkteméisseg nämlech vis-à-vis vun deene Rouden dee Kierzere gezunn.
 
An dat obwuel bei Ferrari Krisestëmmung herrscht. Schonn déi ganz Saison weise béid Piloten, dass hinnen hir perséinlech Ziler méi wichteg sinn, wéi déi vum Team. Leschte Weekend war et de Leclerc, dee mat sengem Egotrip esouguer ee méigleche Ferrari-Doublé evitéiert huet. Net nëmmen den Dominique Riefstahl wonnert sech, wéi vill déi zwee duerchgoe gelooss kréien: "Do muss de Fred Vasseur léieren, wat funktionéiert fir seng Piloten a Schach ze halen. Sief dat monetaresch Konsequenzen, sief dat sportlech Konsequenzen, beispillsweis dass ee seet, dass deen nächsten Update-Package net un dee Pilot geet, deen sech net un eng Reegel gehalen huet... Do ginn et duerchaus Méiglechkeeten, mee et muss een oppen a konstruktiv mat deene Saachen ëmgoen.“
 
Hamilton a Leclerc kämpfen nieft Verstappen a Russell och nach ëm de Vizetitel bei de Piloten. Dat ass ee spannende Véierkampf: 16 Punkte leien am Moment tëscht Plaz 2 Verstappen a Plaz 5 Leclerc.

© FOM Alberto Crippa

Vläicht muss d'Formel 1 dëse Weekend och erëm géint d'Meteo kämpfen. Et ass Ree gemellt, deelweis och Wiederen a Stuerm. Déi lescht Joren hu gewisen: am Naassen ass Interlagos zimmlech ongemittlech. Trotz verbessertem Drainage ginn et Plazen, wou vill Waasser iwwert de Circuit leeft, erkläert den Dominique Riefstahl: "Leider leien een Deel dovunner zimmlech ongënschteg. Ausgang Kéier 3 oder Ausgang Kéier 12 si Plazen, wou Waasser iwwert de Circuit fléisst. Dat sinn awer och déi Plazen, wou ee muss maximale Schwong mathuelen, well hannendrun déi méi laang Riicht sinn. Da kënnt d'Form vun de Curbs dobäi. Do bleift relativ vill Waasser dra leien. An och do sinn d’'iloten erëm an der Zwéckmillchen. Du wëlls d'Curbs esou séier wéi méiglech notzen, fir en Avantage u Vitess matzehuelen, mee gläichzäiteg si se naass, an esoulaang kee se notzt, bleiwe se naass.“
 
D'lescht Joer hat et am verreente Sprint ënnert anerem de Lokalmatador Gabriel Bortoleto erwëscht. An der Course war et dunn zwar dréchen, mee do war schonn am éischten Tour Feierowend. Dëst Joer hunn d'brasilianesch Fans iwwerraschend zwee Eisen am Feier. Well den Esteban Ocon bei Haas definitiv erausgeflunn ass, kënnt den Nowuespilot Rafael Câmara fréizäiteg zu sengem Formel-1-Debut.

Den Dominique erkläert de Circuit vun Interlagos

D'Formel 1 gëtt gär mam Reiden op enger Kanounekugel verglach. Mee a Brasilien geet et drëm, där Kanounekugel de Rhythmus bäizebréngen. D'Kéiere fléissen aneneen iwwer, d'Radie variéiere permanent an am Idealfall danze Pilot an Auto a perfekter Harmonie vun Apex zu Apex. Eng Choreographie tëscht Mënsch a Maschinn, direkt un der Limitt vun der Physik, déi ëmmer nees begeeschtert. Brasilien ass Rhythmus, Leidenschaft a Liewensfreed puer. A genee esou gëtt hei och d'Formel 1 gefeiert.

E richtege Spagat, deen den Autódromo Carlos Pace vum Auto verlaangt, mee näischt, wat e gudde Limbo-Dänzer net hikritt! Präzisioun bei de Richtungswiessel, Traktioun aus de luese Kéieren, Stabilitéit an de kombinéierten Entréeën an Ausgäng, gudden Topspeed an e Fuerwierk, dat d'Buedemwelle gutt schléckt.

E puer vun de fréiere Kompromësser, besonnesch bei der Wiel vum Flillek, falen dëst Joer ewech. Dofir leien déi zou Riicht esou enk beieneen, datt den Energiemanagement nees eng Roll spillt, änlech wéi leschte Weekend.

Virun allem ass São Paulo awer een Hommage un d'Formel 1. Kaum eng aner Streck, ausser vläicht Mexiko, verbënnt Motorsport a Stadionatmosphär esou genial wéi Interlagos. An och wann de Reen hei gären eemerweis amplaz drëpseweis vum Himmel kënnt, léisst dat d'Fans komplett kal.

De perfekte Kader also fir eng After vun der WM-Party a Mexiko de leschte Weekend!

© Mercedes-AMG Petronas F1 Team

Back to Top
CIM LOGO