
Dëse Samschdeg kënnt Dir d'Cyclocross-Europameeschterschaft vun de Frae live um 1. RTL an am Stream kucken. Vu 14:50 Auer u si mir live dobäi, den Depart vun der Course ass um 15 Auer.
Bei de Frae waren déi éischt Crosse vun der Saison ganz spannend. D`Marie Schreiber ass excellent zu Wee komm a stoung bei alle Courssen, bei deene si um Depart war, um Podium. Besonnesch impressionant war hir Victoire zu Meulebeke an der Belsch Mëtt Oktober. Hei konnt sech d`Lëtzebuerger Championne géint déi ganz Welt-Elite duerchsetzen.
Besonnesch d`Weltmeeschterin, d`Hollännerin Lucinda Brand, dierft zu Zeddam, virun eegenem Publik, déi grouss Favorittin sinn.
"Ech ginn dat ganz relax un, ech hu kengem eppes ze beweisen, an da kucke mer, wat dobäi raus kënnt. Ech wëll probéieren, sou gutt wéi méiglech ze fueren. Well ech déi lescht Woche gutt gefuer sinn, erwaarde sech d'Leit relativ vill. Natierlech wier ech och enttäuscht, wann ech just op déi 10.Plaz géif kommen. Am Cross kann awer sou vill geschéien an et bréngt näischt, sech ze héich Zieler ze setzen. Ech wëll einfach just mäi Bescht maachen an da kucke mer, wat et gëtt. Am Parcours ass déi ganz laang Trap dran, dat gefält mer, an dann hunn ech op Youtube e puer Saachen ugekuckt, well do viru laanger Zäit scho Crosse gefuer goufen."
Ronn dräi Kilometer laang ass de Parcours zu Zeddam am Gelderland. Effektiv gouf et op der selwechter Plaz scho viru genee 20 Joer eng Weltmeeschterschaft. Deemools konnt d'Marianne Vos mat 18 Joer hiren éischte vun am ganzen aacht Weltmeeschtertitelen am Cyclocross féieren. De Jempy Drucker war deemools bei der U23 op eng ganz gutt 8. Plaz gefuer. Speziell op deem Circuit ass effektiv déi laang Trap mat 99 Träppleken. Des gouf extra fir d'Europameeschterschaft rafistoléiert.
Et dierf ee gespaant op d`Ofschneide vun deenen anere Lëtzebuerger sinn. Den Optakt mécht d`Sarah Koenig bei de Juniorinnen e Samschdeg de Moien. Dono ass et um Lennox Papi bei der U23 vun de Männer. Leschte Sonndeg war de jonke Coureur um Koppenbergcross op eng ganz staark 12. Plaz gefuer an ass a Form. Dat selwecht zielt fir d'Juniore Ben Fleming a Ben Koenig. Allebéid brauchen an der ëmkämpfter Junior-Kategorie eng perfekt Course, fir en Top-Resultat ze maachen.
Samschdeg 7. November 2026
11:00 – 11:40 Juniorinnen (Sarah Koenig)
13:00 – 13:50 U23 Männer (Lennox Papi)
15:00 – 15:50 Elite Fraen (Marie Schreiber) Live 1.RTL ; rtl.lu
Sonndeg 8. November 2026
11:00 – 11:40 Junioren (Ben Fleming a Ben Koenig)
13:00 – 13:50 U23 Fraen
15:00 – 16:00 Elite Männer