PekingA knapp engem Mount fänken d'Olympesch Wanterspiller un

Tom Hoffmann
Lëtzebuerg dierft a China mat maximal 3 Athlete vertruede sinn.
Matthieu Osch a Gwyneth ten Raa zu Peking mat dobäi
A knapp engem Mount fänken d’Olympesch Wanterspiller un. Lëtzebuerg dierft a China mat maximal 3 Athlete vertruede sinn.

Dat wiere bis elo de Matthieu Osch an Gwyneth ten Raa, déi allebéid am Schi-Alpin un den Depart géife goen.

Déi definitiv Selektioun fir d’Olympesch Spiller soll den COSL déi nächste Woch huelen. Beim Daachverband vum privat organiséierte Sport hei zu Lëtzebuerg ass ee schonns zanter Méint mat de Preparativen am Gaang.

Wéinst der Corona Pandemie sinn déi awer alles anescht wéi einfach. Den Directeur Technique vum COSL, Heinz Thews: “Dat betrëfft Detail-Reegelen déi eis chinesesch Kolleege wëllen ëmsetzen. Mir erliewen och, datt d’Fluchbeweegungen nach net genuch geplangt sinn, fir dat och jiddweree kann dohinner reesen wann hie wëll. Dat si Schwieregkeeten, déi eis den Ament ganz staark beschäftegen.”

Eng Partie Länner, wéi d’USA, Groussbritannien, Neiséiland, Kanada an Australien hunn an de leschte Wochen annoncéiert, datt si keng politesch Vertrieder a China wäerte schécken. D’EU, respektiv déi eenzel Länner aus der EU, hu sech bis elo nach net kloer positionéiert, ob ee politesche Boykott a Fro kënnt oder net.

Den Heinz Thews seet, datt et déi Diskussiounen och schonns 2008 goufen, wou d’Summerspiller zu Peking waren: “Et ass ëmmer déi zentral Fro, déi och den IOC diskutéiert: Sinn d’Olympesch Spiller oder déi international Sportbeweegung an der Roll, fir politesch Problemer unzegoen an och fir Léisungen ze proposéieren oder iwwerléisst een dat de Staaten mat hirem diplomateschem Corps?”

D’Olympesch Wanterspiller fänken de 4. Februar un an daueren bis den 20. Februar.

Back to Top
CIM LOGO