Paule Kremer A manner ewéi 4 Stonnen duerch d'Strooss vu Gibraltar geschwommen

RTL Lëtzebuerg
No laangem Waarden op eng Erlabnis war et dëst Joer souwäit: d'Extremschwëmmerin ass duerch d'Mierengt vu Gibraltar geschwommen an dat an enger top Zäit.
Paule Kremer: A manner ewéi 4 Stonnen duerch d'Strooss vu Gibraltar geschwommen
No laangem Waarden op eng Erlabnis war et dëst Joer souwäit: d’Extremschwëmmerin ass duerch d’Mierengt vu Gibraltar geschwommen an dat an enger top Zäit.

6 Joer huet et gedauert, bis d’Paule Kremer d’Autorisatioun krut, fir dierfen duerch d’Strooss vu Gibraltar ze schwammen. Domat hat si d’Chance dëst Joer hir 3. Etapp vun de 7 vum “Ocean’s Seven"-Projet ze schwammen, deen d’Lëtzebuergerin realiséiere wëll.

Déi éischt Etapp war 2017 duerch den Ärmelkanal, déi zweet virun 2 Joer duerch de Catalina Channel, wat jeeweils 34 Kilometer waren. D’Mierengt vu Gibraltar ass mat 14 Kilometer zwar déi kierzte vun deene siwen Etappen, dat wëll awer net heeschen, datt et och déi einfachst ass. Fir dierfen tëscht dem spuenesche Festland a Marokko ze schwammen, brauch et eng Erlabnis vun den Autoritéiten. Déi hat d’Paule Kremer schonn 2018 ugefrot an elo eben d’Autorisatioun kritt, fir tëscht dem 4. an 9. August dierfen ze schwammen.

Grouss Schwieregkeet bei där Traversée ass virun allem de Wand. Wann deen ze staark ass, dierf een net an d’Waasser, well de Risk, fir ofgedriwwen ze ginn, dann einfach ze grouss ass. Fir de Slot, deen d’Extremschwëmmerin zougeschriwwe krut, war eigentlech mat staarkem Wand gerechent ginn. E Mëttwoch de 7. August war et dunn awer esou wäit. D’Paule Kremer ass an nëmme knapp 3:55 Stonnen duerch d’Strooss vu Gibraltar geschwommen - eng “Zäit, vun där ech ni geduecht hunn, datt ech se packe géing”, wéi d’Schwëmmerin selwer an de soziale Medie schreift.

Elo mécht d’Paule Kremer awer fir d’éischt emol Paus, éier si sech op hir nächst Etapp virbereet. Am August d’nächst Joer steet nämlech den Nordkanal um Programm. Dat ass d’Verbindung tëscht Irland a Schottland (34 Kilometer). Am optimale Fall hätt d’Paule Kremer dann 2025 véier vun de siwe Mierengte queesch iwwer d’Welt verdeelt duerchschwommen.

Duerno géifen dann nach d’Cookstrooss, déi d’Süd- an d’Nordinsel vun Neiséiland verbënnt (26 Kilometer), de Kaiwi-Kanal tëscht den Insele Molokaʻi an Oʻahu op Hawaii (44 Kilometer) an d’Tsugaru-Strooss tëscht den Inselen Honshu an Hokkaido a Japan (20 Kilometer) um Programm stoen. Deen Ament hätt d’Paule Kremer den Ocean’s Seven Brevet an der Täsch. Bis elo hu just 27 Persounen iwwerhaapt deen Challenge gepackt. D’Paule Kremer wier déi éischt Lëtzebuergerin.

Back to Top
CIM LOGO