Basketball-ChampionnatChampion Ettelbréck eleng un der Tabellespëtzt, Zolwer klappt Walfer

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war de 6. Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an Hären.

Hären

Um Sonndeg huet sech d'Etzella Ettelbréck mat 83:60 géint den T71 Diddeleng duerchgesat. Duerch d'Néierlag vu Bartreng um Samschdeg steet d'Etzella eleng un der Tabellespëtzt. 16 Punkte goungen op de Kont vum Philippe Gutenkauf bei der equilibréierter Ekippeleeschtung vum Champion.

Den Opsteiger Zolwer huet sech no enger spannender Partie mat 96:92 géint d'Résidence Walfer duerchgesat. De Christian Parker koum op 29 Punkten, ënnerstëtzt vum Davide Grün mat 19 Punkten.

D'Arantia Fiels huet sech mat 102:90 géint d'Sparta Bartreng behaapt an ass domat mam Géigner an der Tabell gläich gezunn. Obwuel de Profispiller Imariagbe sech am éischte Véierel blesséiert hat, hat d'Fiels sech e Virsprong erausgespillt an dësen am drëtte Véierel weider ausgebaut. Bartreng hat nach emol reagéiert, d'Zäit ass de Gäscht allerdéngs dovu gelaf. 21 Punkte vum Vic Heuschling an 18 Punkte vum Edson De Sousa hunn den Ënnerscheed gemaach.

D'Amicale Steesel huet e Krimi mat 77:76 géint d'Musel Pikes gewonnen. D'Gäscht vun der Musel hu sech an de leschte Minutten zeréck an d'Partie gekämpft. Den Julian Hammond hat d'Méiglechkeet, d'Victoire fir Pikes mat engem leschte Worf ze markéieren, dëse Worf ass allerdéngs net eragaangen. De Conley Phipps koum op 31 Punkte fir Steesel.

De Resumé vum Match Steesel géint Musel Pikes bei den Hären

De Basket Esch iwwerrennt de Stater Racing mat 111:78. Net manner wéi 40 Punkte goungen op de Kont vum Quinten Nelson, deen 8 Dräier markéiere konnt. D'Gäscht vun Esch louche schonn an der Paus kloer mat 66:41 a Féierung.

D'Kordall Steelers feieren déi éischt Victoire dës Saison, dat an eegener Hal beim 83:65 Succès géint den Opsteiger Gréngewald Hueschtert. De Jeff Early konnt 27 Punkte fir d'Lokalekipp markéieren.

________________________________________________

Dammen

Um Sonndeg setzt sech de Basket Esch mat 79:63 géint Wolz duerch. Mat 23 Punkte huet d'Eden Nibbelink am beschte getraff bei der Lokalekipp.

E Samschdeg den Owend hate sech d'Musel Pikes auswäerts mat 72:66 géint d'Amicale Steesel duerchgesat an haten domat Revanche fir d'Néierlag an der Coupe virun dräi Deeg geholl. D'Profispillerin Ella Gallatin koum op 25 Punkte fir d'Pikes.

De Resumé vum Match Steesel géint Musel Pikes bei den Dammen
Bei den Dammen hu sech d'Musel Pikes mat 72:66 géint d'Amicale Steesel duerchgesat

Den AB Conter hat sech auswäerts mat 84:60 géint de Gréngewald Hueschtert duerchgesat. Domat bleift den Opsteiger ouni Victoire. Mat 36 Punkte konnt d'Marah Dykstra bei de Gäscht iwwerzeegen.

Back to Top
CIM LOGO