Titelverdeedeger Ettelbréck kritt et mat der Sparta ze dinn

© Ant Deister (Archiv)
E Freideg den Owend war d'Auslousung vun den 1/8-Finalle vun der Coupe am Basket. Bei den Damme spillt den Titelverdeedeger Amicale zu Walfer.
Bei den Häre ginn de Weekend vum 6. a 7. November d'1/8-Finalle vun der Coupe gespillt. Hei kënnt et zu 2 Dueller tëscht Veräiner aus der Total League. Den Titelverdeedeger Ettelbréck muss géint d'Sparta Bartreng untrieden an de Racing huet d'Amicale Steesel op Besuch.
Bei den Damme ginn d'Partien den 13. a 14. November gespillt. Hei kënnt et och zweemol zu engem Openeentreffe vu Veräiner aus der Total League. Den Titelverdeedeger Steesel muss zu Walfer untrieden a Contern spillt géint den T71.
E Freideg den Owend war et och den Optakt vum 4. Spilldag an der Total League.
Den Iwwerbléck vun de Partië bei den Hären:
ES Pirates (N3) (+10) - Résidence Walfer (N2)
BBC Gréngewald Hueschtert (N2) (+10) - Basket Esch (TL)
Etzella Ettelbréck (TL) - Sparta Bartreng (TL)
Racing (TL) - Amicale Steesel (TL)
Telstar Hesper (N2) (+10) - Musel Pikes (TL)
Munneref (N2) (+10) - Contern (TL)
BS Miersch (N2) (+10) - T71 Diddeleng (TL)
Zolwer (N2) (+10) - Arantia Fiels (TL)
Den Iwwerbléck vun de Partië bei den Dammen:
Hiefenech (N2) (+10) - Basket Esch (TL)
Résidence Walfer (TL) - Amicale Steesel (TL)
Contern (TL) - T71 Diddeleng (TL)
ES Pirates (N2) (+10) - Telstar Hesper (TL)
Kordall Steelers (N2) (+10) - BBC Gréngewald Hueschtert (TL)
BC Mess (N2) (+10) - Musel Pikes (TL)
Zolwer (N2) - Wolz (N2)
Racing (N2) (+10) - Etzella Ettelbréck (TL)