E Freideg fänken zu Tokio déi 32. Olympesch Summerspiller vun der Neizäit un. Lëtzebuerg ass an der japanescher Haaptstad mat 12 Athlete vertrueden.

De Lëtzebuerger Olympesche Comité huet elo matgedeelt, datt d'Coureuse Christine Majerus an de Schwëmmer Raphaël Stacchiotti bei der Erëffnungszeremonie de Lëtzebuerger Fändel droen.

Fir de Raphaël Stacchiotti sinn et déi 4. Olympesch Spiller an d'Christine Majerus war bis elo schonns 3 Mol bei Olympia dobäi.

Et ass iwwregens fir déi éischte Kéier, datt déi eenzel Fändele vun zwee Athlete gedroe ginn. Dat am Sënn vun der sougenannter "Gender Equality".

Reaktioun vum Christine Majerus
D'Lëtzebuerger Profi-Vëlosfuererin dréit de Fändel fir déi éischte Kéier.
Reaktioun vum Raphaël Stacchiotti
De Lëtzebuerger Schwëmmer ass houfreg drop, de Lëtzebuerger Fändel eng zweete Kéiere droen ze dierfen.
RTL

Schonns bei den Olympesche Spiller 2008 zu Peking huet de Raphaël Stacchiotti de Lëtzebuerger Fändel bei der Erëffnungszeremonie gedroen. Deemools war hie 16 Joer al. / © Roland Miny