Arsenal wënnt London-Derby géint Tottenham

© AFP
An der Bundesliga huet Augsburg St. Pauli keng Chance gelooss. An der Serie A waarden d'AS Roum a Florenz weider op den éischten Dräier.
Bundesliga
Augsburg - St. Pauli 3:1
1:0 Wolf (47'), 2:0 Tietz (67'), 2:1 Boukhalfa (75'), 3:1 Kabadayi (90'+6)
Nodeems déi éischt Hallschent zimmlech ze wënschen iwwereg gelooss huet, goung den zweeten Duerchgang direkt mat engem Gol fir Augsburg lass. Si ware schonn an den éischte 45 Minutten déi dominéierend Ekipp, konnte sech awer net belounen. 20 Minutte méi spéit hunn d'Fuggerstädter nach een dropgesat a St. Pauli hat wéi de séchere Verléierer ausgesinn; zemools well Augsburg d'Chance op den 3:0 hat. St. Pauli koum e bëssen iwwerraschend zum Uschlossgol, mee den FCA huet net labber gelooss a fir den decisiven 3:1 gesuergt.
Mainz - Bremen 1:2
0:1 Ducksch (8', Eelefmeter), 1:1 Lee (27'), 1:2 Köhn (69')
No intensive 45 Minutten an zwee Goler goung et mat 1:1 an d'Paus. Bremen krut no engem Feeler am Strofraum en Eelefmeter zougesprach, deen den Ducksch verwandelt huet. Mainz huet sech awer net ënnerkréie gelooss a vun engem Feeler vum Bremer Golkipp profitéiert, fir auszegläichen. Mainz huet och am zweeten Duerchgang den Temmpo diktéiert an hat no 60 Minutten ee Mann méi um Terrain, well de Friedl mat Rout vum Terrain gesat gouf. An Ënnerzuel ass Bremen awer den decisive Gol gelongen, dee si bis zum Schluss verdeedegt hunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Tottenham - Arsenal 0:1
0:1 Gabriel (64')
Et war en intensive London-Derby, an deem Tottenham méi Ballbesëtz an déi éischt Chancen hat, éier d'Gunners besser an de Match koumen an och déi eng oder aner gutt Golchance haten. Et war och Arsenal, dat mat senger éischter Chance am zweeten Duerchgang den decisive Gol markéiert huet. De Gabriel hat per Kapp getraff. Am weidere Verlaf gouf et net méi vill Golchancen op béide Säiten, mee d'Spurs hätte mat der leschter Aktioun nach den Ausgläich schéisse kënnen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
FC Genua - AS Roum 1:1
0:1 Dovbyk (37'), 1:1 De Winter (90'+6)
D'AS Roum kënnt net richteg an d'Saison. Och um 4. Spilldag gouf et net déi éischt Victoire fir d'Réimer. Den Neizougang Mats Hummels souz wärend dem ganze Match op der Bänk. D'AS Roum steet mat just 3 Punkten op der 15. Tabelleplaz.
Bergamo - Florenz 3:2
0:1 Martinez Quarta (15'), 1:1 Retegui (21'), 1:2 Kean (32'), 2:2 De Ketelaere (45'), 3:2 Lookman (45'+1)
D'Spectateure kruten an der éischter Hallschent vill gebueden: 5 Goler a 45 Minutte gesäit een net dacks. Et sollten awer déi lescht Goler bleiwen, well nom Säitewiessel huet de Ball net méi de Wee an de Filet fonnt. Florenz hat sech fir dëse Match déi éischt Victoire an der Saison erhofft, muss awer op d'mannst nach eng Woch dorop waarden. Fir Bergamo war et déi zweet Victoire.
Cagliari - Neapel 0:3
0:1 Di Lorenzo (18'), 0:2 Kvaratskhelia (66'), 0:3 Lukaku (70')
Neapel iwwerhëlt no dëser Victoire provisoresch d'Tabellespëtzt. Inter Mailand, Udinese a Verona kënnen awer nach nozéien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Girona - FC Barcelona 1:4
0:1 Yamal (30'), 0:2 Yamal (37'), 0:3 Olmo (47'), 0:4 Pedri (64'), 1:4 Stuani (80')
Den FC Barcelona gewënnt an der Héicht verdéngt géint Girona. D'Gäscht ware vun Ufank un déi dominéierend Ekipp an hunn d'Feeler vu Girona äiskal ausgenotzt. Sou konnt de Lamine Yamal zweemol erasetzen. No der Paus war mam séieren 3:0 den Deckel schonn drop, mee Barça huet sech net ginn an nach e véierte Gol dropgesat. Girona koum awer nach zum Éieregol duerch de Stuani. Barcelona ass no 5 Victoiren a 5 Matcher souveränen Tabelleleader viru Real Madrid.