An der Ligaphas geet et "wierklech an all Match ëm eppes", sou de Paul Philipp
En Dënschdeg ass den Optakt vun der neier Saison an der Futtball-Champions-League.
Och dëst d'Joer ginn d'Champions-League-Matcher op RTL ZWEE iwwerdroen. Um 1. Spilldag gëtt net nëmme wéi gewinnt dënschdes a mëttwochs gespillt, mä souguer och nach donneschdes. Och RTL ass dës Woch bei dräi Matcher live mat dobäi. Dat alles huet virop mam neie Spillmodus ze dinn.
Froen an Äntwerten: Wat een iwwer den neien Champions-League-Modus wësse muss.
De 29. August gouf a Presenz vum Cristiano Ronaldo an dem Gianluigi Buffon déi nei Champions-League-Saison ausgeloust. En Tirage, deen e bëssen anescht ofgelaf ass, wéi een dat gewinnt war. All Ekipp krut mat Hëllef vun engem Computerprogramm déi jeeweileg Géigner zougeloust. Amplaz a 4er-Gruppe gëtt elo an enger Liga vu 36 Ekippen ee Klassement gemaach a jiddereen huet am Ganzen aacht Matcher. Eng Kritik, déi et jo dacks gouf, ass, datt d'Gruppephas fréizäiteg decidéiert war. Donieft wollt ee mam neie Spillmodus och enger Superleague virgräifen.
Den FLF-President an RTL-Expert Paul Philipp: Ech mengen, dat ass jo och Sënn an Zweck vum éischten Deel vun dëser Champions League, wou jo dann e Gesamtklassement gemaach gëtt, wat jo da bedeit, datt am Fong geholl esou e klengen europäesche Championnat vun den Topp-Ekippen ass, wou et och wierklech bei all Match ëm eppes geet, net nëmmen eng déck Primm, mee och wéi gesot déi Positioun, déi een herno anhëlt, dat gëtt engem Avantagen herno beim Tirage au sort. Domadder ass am Fong geholl versicht ginn, vu säitens der UEFA der FIFA de Wand aus de Seegelen ze huelen.
All Ekipp spillt 4 Mol doheem a 4 Mol auswäerts. Déi éischt 8 sinn duerno direkt fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. D'Plazen 9 bis 24 spillen an engem Playoff nach déi aner 8 Plazen aus. Mam neie Modus sinn et also och nach emol méi Matcher, déi musse gespillt ginn. Wat d'Belaaschtung vun de Spiller ugeet, stéisst dëst net iwwerall op Versteesdemech.
Jo, dat ass d'Haaptkritik an déi ass och natierlech berechtegt, och wann een hei weess, dass déi éischt Phas, also ier d'Gruppephas kënnt, gëtt och nach am Januar gespillt, vläicht deen eenzege Mount wou verschidde Kompetitioune Paus haten, dee gëtt och elo nach besat, wann d'Veräiner natierlech weiderkommen an der Champions League. A wann ee weess, datt nach no der Saison eng Weltmeeschterschaft vun de Clibb dobäi kënnt, ass dat dee Kritikpunkt allgemeng am Futtball, mee och de Kritikpunkt vun dëser Champions League, eebe wéi Dir richteg gesot hutt, well einfach nach zwee Matcher dobäi kommen.
Wéinst der Unzuel vun de Matcher dierften Ekippe mat engem breeden an ausgeglachene Kader däitlech am Virdeel sinn. Ob et dës Saison nees esou eng Iwwerraschungsekipp wéi Dortmund kéint ginn, bleift ofzewaarden. De Krees vun den Toppfavoritte bleift awer dee selwechten.
De Real ass ganz kloer dobäi, och wéi ee sech verstäerkt huet, da Manchester City ganz, ganz kloer, Bayern München muss ee kucken, wéi déi verschidden Ofgäng sech bezuelt maachen an dann, wéi gesot, vläicht eng italieenesch Ekipp, AC oder Inter, déi eis d'lescht Joer iwwerrascht hunn, wéi ass et mat enger Ekipp wéi Barcelona oder Atletico Madrid, déi een awer och ëmmer erëm muss zu engem grousse Krees vun de Favoritten zielen.
Ob Real Madrid den Titel verdeedegen an d’Champions League fir déi 16. Kéier wanne kann, steet spéitstens den 31. Mee 2025 fest. D'Finall gëtt dës Saison an der Allianz Arena zu München gespillt.