Margaux Bruls an Niall Foley Lëtzebuerger Championen am Semi-Marathon
E Sonndeg de Moien sinn zu Réimech bei der Route du Vin eng 4500 Leefer un den Depart gaangen.
Verdeelt op 6 Coursse mat 5 verschiddenen Departen. Eventuell haten d'Organisateuren ze grouss gesinn oder d'Plaz vun der Arrivée virun der Réimecher Piscine eegent sech net fir esou eng grouss Zuel vu Leefer.
Et huet ee missten zu de Séierste gehéieren, fir iwwert d'Linn d'Arrivée kënnen ze lafen. Duerno huet et ëmmer méi gestaut an d'Participante vun de 5, 10 a 21 km hu sech vermëscht an hu missten am Gänsemarsch iwwert d'Linn d'Arrivée trëppelen.
Manner ass méi, kënnt een an dem Fall soen, oder et aneschters organiséieren.
Zanter d'Ekipp ronderëm de José Azevedo d'Organisatioun vun der Route du Vin iwwerholl huet, si wärend deenen 3 Joer verschidde Changementer geschitt. Et si keng afrikanesch Leefer méi um Depart, dëst Joer koum och en Team-Run mat op de Programm, vun der Maartplaz goufen den Depart an d'Arrivée bei d Schwemm deplacéiert, nieft deem vum Championnat vum Semi ass och nach dat vun de 5 km derbäi komm.
Fir eng kleng Zuel vu Leefer a Leeferinnen stoung och de Lëtzebuerger Championstitel um Programm. Dee vun de 5km an dee vum Semi-Marathon.
Resultater
Beim Semi-Marathon vun den Häre war de Belsch Nicolas Schyns mat enger Zäit vun 1:03:11 dee Séiersten. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Jan Lukas Becker an den Amaury Paquet komm.
Lëtzebuergesche Champion ass iwwerdeems den Niall Foley mat enger Zäit vun 1:07:14 ginn. An deem Klassement hunn de Luc Scheller an den David Trampert de Podium komplettéiert. Am General hu si sech op de Plaze 6, 8 an 11 klasséiert.
Bei den Dammen ass d'Victoire un d'Juliette Thomas an domat och an d'Belsch gaangen. Déi zweet Plaz konnt sech d'Ungarin Zsanett Moczo vum Celtic Dikrech sécheren, déi soumat Championne vun der Federatioun gëtt. Plaz 3 war fir d'Däitsch Michelle Trumm aus Däitschland.
Hei goung de lëtzebuergesche Championstitel un d'Margaux Bruls (1:25:09), déi sech am General als 4. klasséiert huet. D'Shefi Xhaferaj an d'Runa Egilsdottir sinn op d'Plazen 2 an 3 vum Championnat komm.
Och iwwer 5 Kilometer goufen e Sonndeg déi lëtzebuergesch Champione gesicht. Bei den Häre konnt de Charel Weicherding sech den Titel mat enger Zäit vu 15 Minutten a 14 Sekonne sécheren, bei den Dammen ass d'Sandra Lieners a 17 Minutten an 33 Sekonnen nei lëtzebuergesch Championne ginn.
Déi komplett Resultater vun all de Coursse fannt Dir hei.