Liverpool marschéiert, Arsenal a ManCity bleiwen drun

© GLYN KIRK/AFP
Fir d'Reds gouf et eng knapp Victoire zu Crystal Palace. ManCity hat Krämpes fir géint Fulham ze wannen. Arsenal huet géint Southampton gewonnen.
An der Bundesliga gouf et um Samschdeg e puer Surprisen.
Lille ka sech an der Ligue 1 mat 2:1 géint Toulouse behaapten.
Bundesliga
Um 6. Spilldag huet ënner anerem Leverkusen géint den Opsteiger Kiel just 2:2 gläich gespillt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Crystal Palace - Liverpool 0:1
0:1 Jota (9')
An der 1. Hallschent waren d'Reds dominant um Terrain a konnte fréi duerch den Diogo Jota a Féierung goen. Liverpool huet gedréckt, konnt awer kee weidere Gol markéieren. Nom Téi huet Crystal Palce en anert Gesiicht gewisen an d'Heft an d'Hand geholl. Trotz gudde Golchancë sollt et fir d'Eagles bei der knapper Néierlag bleiwen. Bei Liverpool huet de Golkipp Alisson an der Schlussphas missen ausgewiesselt ginn, d'Ekipp vum Arne Slot bleift un der Tabellespëtzt.
Arsenal - Southampton 3:1
0:1 Archer (55'), 1:1 Havertz (58'), 2:1 Martinelli (69'), 3:1 Saka (88')
Southampton hat sech virgeholl, géint Arsenal enorm déif ze stoen. D'Heemekipp hat domadder och Problemer. Wéi d'Gäscht no der Paus a Féierung gaange sinn, konnten d'Leit mat enger Iwwerraschung rechnen. Arsenal huet awer reagéiert an huet de Match bannen 11 Minutte gedréint. Mam 3:1 kuerz viru Schluss war den Deckel op der Partie drop.
Manchester City - Fulham 3:2
0:1 Pereira (26'), 1:1 Kovacic (32'), 2:1 Kovacic (47'), 3:1 Doku (82'), 3:2 Muniz (88')
ManCity koum an der 1. Hallschent guer net an de Match a konnt frou sinn, mam 1:1 an d'Kabinnen ze goen. Fulham hat bis dohin e ganz gudden Optrëtt am frieme Stadion. No der Paus ass de Favorit awer séier a Féierung gaangen a konnt kuerz virum Enn vun der Partie den Ecart op 2 Goler vergréisseren. Fulham ass awer dru bliwwen an huet an der 88. Minutt nees verkierzt. Et war awer de leschte Gol an enger animéierter Partie. ManCity bleift no der Victoire genee wéi Arsenal u Liverpool drun.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Ligue 1
Lille - Toulouse 2:1
0:1 Aboukhlal (39'), 1:1 Gomes (57'), 2:1 Bakker (72')
No der Victoire ënnert der Woch an der Champions League géint de Real huet sech Lille géint Toulouse méi schwéier gedoen. An der Paus louch een duerch e Gol vum Aboukhlal mat 0:1 hannen. An de Kabinne schéngen awer op der Säit vu Lille déi richteg Wierder fonnt gi sinn. Gomes a Bakker hunn de Match komplett gedréint an domadder Lille déi 3 Punkte geséchert. D'Heemekipp steet iwwergangsweis op der 4. Plaz an der Tabell.