De Fusiounsveräin aus der Haaptstad huet sech zu Baastenduerf misse mat 2:3 geschloe ginn. Stroossen an Hesper haten dogéint keng Problemer.

Um Weekend steet den 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg um Programm, wou d'Ekippen aus der BGL Ligue och mat dobäi sinn.

Um Freideg huet Rëmeleng kloer zu Foulscht gewonnen.

Um Samschdeg gouf et déi éischt méi kleng Iwwerraschungen. Baastenduerf aus der 1. Divisioun huet sech mat 3:2 géint Luxembourg City aus der Éierepromotioun duerchgesat. Berbuerg aus der Éierepromotioun huet zu Veianen (1. Divisioun) mat 3:4 verluer.

Hesper, Stroossen an d'Fola aus der BGL Ligue hunn an hire Matcher d'Iwwerhand behalen a sinn en Tour weider. Donieft konnt Steesel d'Alliance Äischdall eliminéieren.

Den Iwwerbléck vun de Resultater