Och e Sonndeg waren nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer mat hire Veräiner am Ausland am Asaz.

Am belsche Championnat huet Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris am Gol zu Bruges 1:1 gläich gespillt. D'Lëtzeuerger Nummer 1 steet den Ament op der 10. Plaz am Championnat.

An der Pro League an der Belsch gouf et fir Francs Borains mam Alessio Curci keng Punkten zu Lierse. Mat 0:4 huet een de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger gouf an der Paus ausgewiesselt.

Am portugisesche Championnat ass d'Partie tëscht Nacional Funchal a Benfica Lissabon wéinst ze vill Niwwel ofgebrach ginn. De Leandro Barreiro souz bei Lissabon op der Bänk.

An der 2. Liga an Éisträich huet St. Pölten mam Dirk Carlson 4:2 beim SV Ried gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

An der 1. Liga a Polen hat Odra Opole mam Edvin Muratovic keng Chance géint Arka Gdynia. Mat 0:6 huet ee sech misse geschloe ginn. De Lëtzeuerger gouf an der 74. Minutt ausgewiesselt. No 12 Spilldeeg steet Opole op enger Ofstigsplaz.

An Norwegen huet an der 2. Liga Kongsvinger mam Lars Gerson mat 1:0 géint Egersunds gewonnen. De Lëtzebuerger stoung bei der Auswäertsvictoire 90 Minutten um Terrain. Kongsvinger steet an der Tabell op der 7. Plaz mat 40 Punkten an huet weiderhin nach Chancen, fir sech fir d'Finalronn fir den Opstig ze qualifizéieren. D'Veräiner op de Plaze 6 a 5 hunn och 40 Punkten um Konto.

An der héchster Divisioun a Serbien huet Vojvodina mam Seid Korac an der Startformatioun mat 4:0 bei Spartak Subotica gewonnen.

An der MLS an den USA huet Los Angeles FC mam Maxime Chanot mat 3:0 bei Sporting Kansas City behaapt. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 61. Minutt ausgewiesselt. Mat engem Match manner steet Los Angeles an der Tabell op der zweeter Plat an huet sechs Punkte Réckstand op Los Angeles Galaxy.

Samschdeg

De Mathias Olesen gouf bei der 2:0-Victoire vu Köln géint Ulm an der 91. Minutt agewiesselt. Köln war fréi duerch den Hübers a Féierung gaangen. D'Gäscht hu sech an der 21. Minutt selwer geschwächt, de Brandt krut déi rout Kaart gewisen. An der Suite huet Köln de Match geréiert a konnt an der 2. Hallschent nach op 2:0 erhéijen. No 8 Spilldeeg huet Köln 12 Punkten um Kont.

Genee sou vill Punkte wéi déi Kölner huet an der 2. Bundesliga och Elversberg. D'Ekipp vum Co-Trainer Raphael Duarte konnt um Samschdeg en 1:0-Succès am Derby géint Kaiserslautern feieren. De Gol vum Match huet den Damar an der 66. Minutt geschoss.

Eng Divisioun méi héich gouf et eng kloer 0:3-Defaite fir St. Pauli géint Mainz. Den Danel Sinani krut den éischte méi laangen Asaz a gouf an der 63. Minutt fir den Afolayan agewiesselt. Zu dem Ament stoung et awer schonn 0:3.

De Laurent Jans huet an der Belsch mat Beveren 0:1 géint Lokeren-Temse de Kierzere gezunn. Den Ofwierspiller huet duerchgespillt a konnt d'Néierlag net verhënneren, obwuel een ab der 66. Minutt ee Mann méi um Terrain hat. An der Tabell läit Beveren am Moment am Mëttelfeld, d'Opstigsplazen sinn awer nach erreechbar.

An der 2. chineesescher Liga gouf et en 1:1-Remis tëscht Guangzhou a Guangxi Pingguo Haliao. De Gerson Rodrigues gouf schonns an der 26. Minutt bei de Gäscht agewiesselt, do louch seng Ekipp 0:1 hannen. De Lëtzebuerger konnt mat dozou bäidroen, datt an der 83. Minutt den Ausgläich gefall ass.

Fir de Sébastien Thill a Stal Rzeszow gouf et an der 2. polnescher Liga en 2:2-Remis zu Wola. De Mëttelfeldspiller stoung de ganze Match um Terrain.

A Bulgarien huet ZSKA Sofia 0:1 géint Septemvri Sofia verluer. De Mica Pinto war vun Ufank un um Terrain a gouf och net ausgewiesselt. No 10 Matcher huet Sofia réischt 10 Punkten a steet an der ënneschter Regioun vun der Tabell.

Den Enes Mahmutovic souz bei der 1:0-Victoire vun NAC Breda géint Nijmegen de ganze Match op der Bänk.

An der ieweschter Divisioun a Portugal gouf et en 1:1-Remis tëscht Arouca an AVS. Bei de Gäscht war den Eric Veiga awer net am Kader.

Freideg

An der 2. hollännescher Liga souz den David Jonathans beim 2:2-Remis vu senger Ekipp Den Bosch géint De Graafschap de ganze Match op der Bänk. Nodeems d'Heemekipp 0:1 hanne louch, konnten dem Jonathans seng Teamkolleegen de Match dréinen. An der 5. Minutt vun der Nospillzäit huet een awer nach den zweete Gol kasséiert.