Nom Davis Cup am NovemberTennis-Legend Rafael Nadal zitt e Schlussstréch ënnert seng Karriär

RTL Lëtzebuerg
De Spuenier huet seng Decisioun en Donneschdeg de Moien an engem emotionale Video ëffentlech gemaach.
© AFP (Archiv)

No der Finall vum Tennis-Davis-Cup Enn November hält de Rafael Nadal op. Dat huet den 38 Joer ale Spuenier elo offiziell bekannt ginn.

De Rafael Nadal hat an de leschte Méint a Joren ëmmer nees mat Blessuren ze kämpfen.

A senger Karriär huet hien 22 Grand-Slam-Titele gewonnen, dorënner eleng 14 Titele bei de French Open.

Legendär war dem Gilles Muller säi Match géint de Rafael Nadal am Joer 2017 zu Wimbledon. No 4 Stonnen an 48 Minutte konnt de Lëtzebuerger sech a 5 Sätz an den Aachtelsfinallen duerchsetzen. Déi international Press huet deemools vun engem reegelrechte Krimi geschwat, mam besseren Ausgang fir de Gilles Muller.

De Rafael Nadal war 209 Wochen d‘Nummer 1 op der Welt an huet ronn 134.946.100 US-Dollar u Präisgelder gewonnen.

Aktuell ass de Spuenier d‘Nummer 161 am ATP-Ranking. Mat 38 Joer zitt hien elo ee Schlussstréch ënnert seng Karriär.

Back to Top
CIM LOGO