En Donneschdeg den Owend goufen op der Darts-WM zu London am Alexandra Palace d'Halleffinalle gespillt.

Bei der Darts-WM kënnt et zur Dramfinall tëscht dem Michael van Gerwen an dem Luke Littler. Béid Spiller hunn hir Halleffinalle souverän mat 6:1 gewonnen. Den Hollänner huet géint de Chris Dobey en Average vun 98,84 Punkte gespillt a beim Englänner war et géint de Stephen Bunting en Average vun 105,48 Punkten.

De Michael van Gerwen huet sech en Donneschdeg den Owend als éischte Spiller fir d'Finall vun der Darts-WM qualifizéiert. Den Hollänner, deen 2023 fir d'lescht an der WM-Finall stoung, huet de Match géint säi Géigner Chris Dobey mat enger 180 ugefaangen an huet duerno séier kuerze Prozess gemaach. Den dräifache Champion huet mat 6:1 an de Sätz gewonnen.

Richteg Spannung ass am Match ni opkomm. Den Dobey hat nëmme kuerz, ma dofir awer beandrockend an d'Partie fonnt: Mam héchstméigleche Finish iwwer 170 Punkten an engem weidere Finish iwwer 108 Punkten hat hien op 1:2 verkierzt. Duerno huet de van Gerwen awer kee Saz méi ofginn. Um Enn huet den Hollänner 18 Legs gewonnen an den Englänner der zéng.

An der Finall kritt de Michael van Gerwen et mam Darts-"Wonnerkand" Luke Littler ze dinn. Den amtéierende Vizeweltmeeschter huet sengem Géigner Stephen Bunting keng Chance gelooss a sech kloer mat 6:1 behaapt.

De Littler huet d'Partie dominéiert a louch séier mat 4:0 an de Sätz a Féierung. Eréischt am fënneften Duerchgang ass et dem Bunting gelongen, och e Saz ze gewannen an op 1:4 ze verkierzen. Am sechste Saz huet de Bunting de Littler weider ënner Drock gesat, ma de jonken Englänner ass cool bliwwen an huet mat engem Bullseye-Finish op 5:1 gesat. De siwente Saz sollt dann de leschte sinn. De Littler huet nach emol en 170er-Finish gewisen an de Sak mam éischte Matchdart zougemaach.

Domadder steet de Luke Littler bei senger zweeter WM-Participatioun op en Neits an der Finall an dat mat eréischt 17 Joer.

RTL

© AFP

E Freideg den Owend gëtt am Alexandra Palace zu London de Successeur vum Luke Humphries gesicht. D'Finall tëscht dem Michael van Gerwen an dem Luke Littler fänkt um 21.15 Auer Lëtzebuerger Zäit un a gëtt am Modus Best-of-13-Sets gespillt. Hei wëllt de van Gerwen no 2014, 2017 an 2019 säi véierte WM-Titel gewannen. De Luke Littler dogéint, dee sech bei der leschter Editioun mat deemools 16 Joer duerch d'Nowuess-Serie vun der PDC eng Plaz bei der WM geséchert hat an direkt bis an d'Finall komm war, huet grad réischt seng éischt Profi-Saison hannert sech. E Freideg kämpft hien nom Gewënn vun der Premier League 2024 elo eng zweete Kéier ëm säin éischte WM-Titel.

Fir de Gewënner gëtt et e Präisgeld vu 500.000 Pond (ronn 581.000).