Bei der 73. Véierschanzentournee geet d'Dominanz vun den Éisträicher weider. Beim drëtte Sprangen ass de Stefan Kraft am wäitste gesprongen.

De Stefan Kraft huet d'Sprangen zu Innsbruck ganz knapp virum Jan Hörl gewonnen. 1,4 Punkten hunn um Enn den Ënnerscheed gemaach. Den drëtten Éisträicher um Podium ass den Daniel Tschofenig. Déi dräi waren der Konkurrenz fortgeflunn, virun allem am zweeten Duerchgang war d'Differenz immens.

De Georg Deschwanden aus der Schwäiz koum mat groussem Ofstand op Plaz 4. Fir déi Däitsch war et nees en erniichternd Sprangen. De Pius Paschke, deen am Ufank vun der Saison nach staark Resultater realiséiere konnt, war mat Plaz 8 beschten Däitschen. Hie verléiert mat dësem Sprangen och d'Féierung am Gesamtweltcup un den Daniel Tschofenig.

De Stefan Kraft iwwerhëlt mat dëser Victoire, déi seng éischt iwwerhaapt um Bergisel war, och d'Féierung an der Gesamtwäertung vun der 73. Véierschanzentournee. Elo ass scho kloer, dass et sech tëscht den dräi Éisträicher decidéiere wäert.

Dat lescht Sprangen ass traditionell op Dräikinneksdag, de 6. Januar, zu Bischofshofen.