Neapel wënnt Spëtzematch, Atlético Madrid verléiert beim Opsteiger

© ALBERTO PIZZOLI / AFP
Neapel baut de Virsprong un der Tabellespëtzt no enger 3:2-Victoire géint Atalanta weider aus.
E Samschdeg stoungen am internationale Futtballchampionnat nees eng Rei Matcher um Programm. An England gouf et fir Liverpool duerch zwee spéit Goler nach eng 2:0-Victoire géint Brentford an a Spuenien muss sech den Tabelleleader Atlético Madrid trotz engem Eelefmeter a leschter Minutt mat 0:1 géint den Opsteiger Leganes geschloe ginn. E Sonndeg huet de Rival Real Madrid domadder d'Chance déi éischt Plaz ze iwwerhuelen.
An Italien war et dann nach de Spëtzematch, wou sech Neapel géint Atalanta duerchsetze konnt.
An der däitscher Bundesliga huet Leipzig eng 3:0-Féierung zu Bochum nach aus der Hand ginn.
Premier League
Newcastle - Bournemouth 1:4
0:1 Kluivert (6'), 1:1 Guimaraes (25'), 1:2 Kluivert (44'), 1:3 Kluivert (90+2'), 1:4 Kerkez (90+6')
Brentford - Liverpool 0:2
0:1 Darwin (90+1'), 0:2 Darwin (90+3')
Duerch zwee Goler an der Nospillzäit wënnt Liverpool mat 2:0 géint Brentford. D'Haushäre waren e Samschdeg gutt an d'Partie gestart a konnten am eegene Stadion ee Wuert matschwätzen. En ausgeglachene Match sollt sech no der éischter Hallschent och nom Säitewiessel weisen. Fir béid Ekippe war et bis zum Schluss méiglech nach ee Gol ze schéissen. Dovu profitéiert huet um Enn dann de Gaascht aus Liverpool. An der 91. Minutt war et den Darwin, deen de Ball no enger Flank iwwert d'Linn drécke konnt. Nëmmen zwou Minutte méi spéit war et dann eng weider Kéier de Stiermer aus Uruguay, dee mat engem stramme Schoss ënnert d'Lat no engem Konter de Match definitiv entscheet huet.
Arsenal - Aston Villa 2:2
1:0 Martinelli (35'), 2:0 Havertz (55'), 2:1 Tielemans (60'), 2:2 Watkins (68')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Bologna - Monza 3:1
0:1 Maldini (4'), 1:1 Castro (22') 2:1 Odgaard (34'), 3:1 Orsolini (69')
Juventus - AC Mailand 2:0
1:0 Mbangula (59'), 2:0 Weah (64')
Juventus behaapt sech doheem géint den AC Mailand a bleift domat fir d'éischt Mol weider an den Top4 vun der Serie A. No enger éischter Hallschent ouni Goler war de Gaascht aus Mailand nom Säitewiessel net méi wierklech an der Partie, wat Juventus ausnotze konnt an zwee Goler bannent fënnef Minutte geschoss huet. D'Goler vum Mbangula a Weah hunn um Enn den Ënnerscheed gemaach.
Atalanta - Neapel 2:3
1:0 Retegui (16'), 1:1 Politano (27'), 1:2 McTominay (40'), 2:2 Lookman (55'), 2:3 Lukaku (78')
An engem spannende Match huet sech Neapel um Enn dräi wichteg Punkte geséchert, fir déi éischt Plaz an der Tabell ze festegen. Nom Féierungsgol duerch de Retegui konnten d'Gäscht nach virun der Paus de Spillstand op hir Säit dréinen, dat am Numm vum Politano a McTominay. No der Paus war et dann de séieren Ausgläich fir Bergamo duerch de Lookman. Dat lescht Wuert hat dann awer Neapel. De Romelu Lukaku konnt an der 78. Minutt de Ball mam Kapp an de Gol setzen an domat um Enn de Match entscheeden. An der Tabell steet Neapel elo mat sechs Punkte Virsprong op der 1. Plaz. Inter Mailand huet als Zweeten awer och nach zwee Matcher ze spillen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lens - PSG 1:2
1:0 Nzola (36'), 1:1 Fabian (59'), 1:2 Barcola (86')
Rennes - Brest 1:2
0:1 Magnetti (27'), 0:2 Ajorque (73'), 1:2 Blas (77')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Girona - FC Sevilla 1:2
1:0 Arnau (36'), 1:1 Niguez (59'), 1:2 Lukebakio (88')
Leganes - Atlético Madrid 1:0
1:0 Nastasic (49')
Fir den Tabelleleader Atlético Madrid gouf et eng batter 0:1-Defaite bei Leganes. Den Opsteiger huet sech vun Ufank un immens engagéiert gewisen, konnt sech mat engem 0:0 an der Paus no zwou grousse Chancë fir de Atlético awer glécklech schätzen. Duerch ee Corner kuerz nom Säitewiessel war et dann de Matija Nastasic, dee mam Kapp op 1:0 fir Leganes stelle konnt. Fir de Rescht vun der Partie huet sech d'Lokalekipp nëmmen nach hannen era gestallt, fir d'Féierung iergendwéi iwwert d'Zäit ze bréngen. An der 90. Minutt ass et dann nach eng Kéier een Eelefmeter fir Atlético ginn, deen den Antoine Griezmann awer zimmlech däitlech riets laanscht de Gol gesat huet. Um Enn muss sech den Tabelleleader also beim Opsteiger geschloe ginn.
Getafe - Barcelona 1:1
0:1 Koundé (9'), 1:1 Arambarri (34')