Leipzig gëtt 3:0-Féierung aus der Hand, Leverkusen klappt Gladbach

© DAVID INDERLIED / DPA via AFP
Zu Bochum gouf et fir RB Leipzig um Enn just en 3:3-Remis a Leverkusen huet sech am Derby mat 3:1 géint Gladbach duerchgesat.
Dëse Weekend war an der däitscher Bundesliga mam 18. Spilldag den offiziellen Optakt vun der Réckronn. E Freideg konnt sech Eintracht Frankfurt mat 2:0 géint Dortmund duerchsetzen.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de weidere Resultater am internationale Futtball e Samschdeg.
Am Spëtzematch e Samschdeg den Owend huet sech Leverkusen am Rhein-Derby doheem mat 3:1 géint Borussia Mönchengladbach duerchgesat a bleift domat an der Tabell am Réck vun de Bayern. An den éischten 30 Minutte vum Match stoung d'Gladbacher Defense hanne ganz sécher an huet net vill zougelooss. Op eemol war da géint d'Klass vun engem Florian Wirtz awer näischt méi ze maachen, wéi hien no engem Dribbling virum Golkipp stoung an op 1:0 stelle konnt. Offensiv waren d'Gäscht ni wierklech geféierlech ginn a sou huet Leverkusen weider Drock gemaach. Een Eelefmeter duerch en Handspill huet dann den 2:0 duerch de Florian Wirtz an der 60. Minutt bruecht a spéitstens mam 3:0 duerch de Patrik Schick war dann den Deckel drop. Den 1:3 vum Tim Kleindienst an der 90. Minutt hat just nach kosmetesch Zwecker.
Um Samschdegmëtteg hat sech Bochum an engem geckege Match doheem en iwwerraschenden 3:3-Remis géint RB Leipzig erkämpft. An der Ufanksphas war d'Lokalekipp komplett iwwerfuerdert a louch no de Goler vum Orban, Nusa a Baumgartner schonn no 21 Minutte mat 0:3 hannen. D'Leipziger Dominanz huet kee méi ugezweiwelt, ma no der Paus sollt dann awer nach alles anescht kommen. Ugefaangen huet et dräi Minutten nom Säitewiessel, wéi de Myron Boadu op 1:3 verkierze konnt. An der 57. Minutt war et dann op en neits de Mann mat der hollännesch-ghanaescher Nationalitéit, dee seng Foussspëtzt dohinner halen an op 2:3 setze konnt. De Momentum war elo komplett op der Säit vun de Bochumer a mat de Spectateuren am Réck gouf et rëm nees véier Minutte méi spéit een Eelefmeter. De Myron Boadu ass ugelaf an huet säin Hattrick perfekt gemaach. An der Schlussphas haten d'Haushären da weider Chancen op de 4:3, um Enn sollt et awer beim Remis bleiwen.
Bayern hat sech da virun den eegene Spectateure mat 3:2 géint de VfL Wolfsburg duerchgesat. Nom verdéngten 1:0 duerch de Leon Goretzka war et kuerz drop de Mohammed Amoura, deen an der 24. op 1:1 ausgläiche konnt. D'Gäscht aus Wolfsburg konnten de Münchener d'Stier bidden an hunn et hinne schwéier gemaach, ee Wee laanscht d'Defense ze fannen. Een Distanzschoss vum Michael Olise sollt dann awer virun der Paus fir d'2:1-Féierung vun der Lokalekipp suergen. Nom Säitewiessel hat Bayern weider méi vum Match an ass elo och méi dacks virun de Gol komm. Mat sengem zweete Gol vum Dag huet de Leon Goretzka dann eng hallef Stonn viru Schluss op 3:1 erhéicht. Kuerz viru Schluss huet den Amoura et mat sengem zweete Gol dann nach eng Kéier kuerz spannend gemaach, Bayern hält um Enn awer déi dräi Punkte fir sech.
Fir Stuttgart gouf et am Baden-Derby dann eng kloer 4:0-Victoire géint den SC Freiburg, Hoffenheim huet sech mat 3:1 zu Kiel duerchgesat a fir den FC St. Pauli gouf et mat enger 2:0-Victoire zu Heidenheim wichteg dräi Punkten. Den Danel Sinani war hei net an den Asaz komm.
E Samschdeg den Owend fänkt um 18.30 Auer dann nach d'Partie tëscht Leverkusen a Gladbach un.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.