Leverkusen verléiert weider u Buedem op Bayern

© AFP
Den däitsche Meeschter spillt just 0:0 zu Wolfsburg. Dortmund verléiert doheem géint Stuttgart iwwerdeems Freiburg Heidenheim klappt.
An der 1. däitscher Bundesliga war et um Samschdeg de Mëtteg d'Suite vum 21. Spilldag. Nieft Stuttgart konnt sech och nach Freiburg an Union Berlin iwwer 3 Punkte freeën. E Freideg den Owend huet sech scho Bayern München géint Werder Bremen konnten duerchsetzen. Bayern festegt domat och déi 1. Plaz an der Tabell a steet elo 8 Punkte viru Leverkusen.
Den Iwerbléck vum Internationale Futtball fannt dir hei.
Borussia Dortmund huet beim 1. Match mam neien Trainer Nico Kovac mat 1:2 géint Stuttgart verluer. Dortmund war virun allem an der 1. Hallschent beméit. Gutt Chancë waren trotz vill Ballbesëtz awer net dobäi. No der Paus hunn effektiv Stuttgarter direkt zwee Mol zougeschloen. Dortmund huet duerch de Brandt wuel nach den Uschloss geschoss, fir méi sollt et awer net duergoen. De VfB läit op der 4. Plaz an der Tabell, iwwerdeems de BVB op der 11. Plaz steet.
Leverkusen kënnt beim VFfL net iwwert een 0:0 eraus. Wolfsburg huet vun Ufank u gutt dogéint gehalen a hätt mat e bëssi méi Reussite de Match souguer kéinte wannen, de Schoss vum Fischer an der 75. Minutt ass awer just un d'Lat gaangen. Alles an allem war et eng ëmkämpte Partie mat wéineg 100 % Golchancen.
Freiburg huet duerch eng konzentréiert defensiv Leeschtung an der 1. Hallschent de Grondstee fir d'1:0-Victoire géint Heidenheim geluecht. De Gol vum Dag huet de Grifo per Kappball an der 30. Minutt markéiert.
Hoffenheim huet géint Union Berlin eng däitlech 0:4-Néierlag kasséiert. Union huet sech duerch dës Victoire an den 3 Punkten an d'Mëttelfeld vun der Tabell katapultéiert, iwwerdeems Hoffenheim mat 18 Punkte weider op der 15. Plaz läit.
Tëscht Mainz an Augsburg si keng Goler gefall, de Match geet mat engem 0:0-Remis op en Enn.
An der Spëtzepartie vum 21. Spilldag hu sech Borussia Mönchengladbach an Eintracht Frankfurt beim 1:1 d'Punkte gedeelt. Fir déi Frankfurter ass et deen drëtte Remis noeneen. Den Ekitiké huet an der 31. Minutt fir d'Hesse getraff. De Kleindienst hat d'Lokalekipp an der 26. Minutt a Féierung bruecht.
D'Borussia huet duerch de Remis d'Chance verpasst, fir fir d'éischte Kéier zanter 2020 dräi Succèsen noeneen ze feieren. An awer hunn d'Fohlen mat 31 Punkte schonn elo bal esou vill Punkte gesammelt wéi déi ganz lescht Saison (34).
Frankfurt ass weider um gudde Wee, fir sech nees fir d'Champions League ze qualifizéieren.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.