Real léisst Atlético net laanscht, Brighton eliminéiert Chelsea am FA Cup

© AFP
Iwwerdeems huet an Italien Atalanta Bergamo Hellas Verona auswäerts mat 5:0 geklappt.
Och an der däitscher Bundesliga gouf um Samschdeg gespillt. Dortmund verléiert beim 1. Match vum Nico Kovac a Leverkusen spillt just Remis géint Wolfsburg.
FA Cup
An der Premier League gëtt dëse Weekend net gespillt, dofir steet déi 4. Ronn (1/16-Finallen) am FA Cup um Programm.
Beim Match Leyten Orient géint Manchester City huet et laang no enger grousser Iwwerraschung vun der Ekipp aus der League One (3. Liga) ausgesinn. No 16. Minutte louch den Underdog Leyten nämlech no engem Selbstgol vum Ortega mat 1:0 a Féierung. Khusanov (56') an de Bruyne (79') konnten de Match fir den englesche Meeschter awer nach dréinen.
Den FC Everton huet am Duell vun de Premier-League-Ekippe géint den AFC Bournemouth doheem mat 0:2 verluer an ass domat eliminéiert.
Eliminéiert ass och Chelsea. D'Ekipp vum Maresca huet sech auswäerts misse mat 1:2 géint Brighton geschloe ginn. Chelsea war an der 5. Minutt duerch e Selbstgol vum Verbruggen a Féierung gaangen. Brighton hat awer séier eng Äntwert a konnt an der 12. Minutt duerch de Rutter ausgläichen. An der 57. Minutt huet de Mitoma mam 2:1 fir d'Schlussresultat gesuergt. Schonn e Freideg gesi sech béid Veräiner an der Premier League erëm.
E Freideg den Owend hat sech hei scho Manchester United mat 2:1 géint Leicester City behaapt.
Serie A
Hellas Verona - Atalanta Bergamo 0:5
0:1 Retegui (21'), 0:2 Retegui (25'), 0:3 Ederson (37'), 0:4 Retegui (44'), 0:5 Retegui (56')
Atalanta ass senger Favoritteroll gerecht ginn a huet Hellas Verona zu kengem Zäitpunkt eng Chance gelooss. "Man of the Match" war de Retegui, dee ganzer 4 Goler markéiert huet. An 22 Matcher huet de Stiermer elo schonn 20 Goler geschoss. Bergamo steet an der Tabell mat 50 Punkte weider op der 3. Plaz, hannert Neapel an Inter Mailand.
FC Empoli - AC Mailand 0:2
0:1 Leao (68'), 0:2 Gimenez (76')
Den AC Mailand huet sech wichteg Punkte geséchert a behält den Uschloss un déi international Plazen duerch de verdéngten 2:0 zu Empoli. D'Haushären stinn den Ament op Plaz 16 a kéinten nach dëse Spilldag op eng direkt Ofstigsplaz falen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
OGC Nice - RC Lens 2:0
1:0 Laborde (10'), 2:0 Clauss (64')
Nice huet sech fir de Kont vum 21. Spilldag géint Lens (2:0) déi fënneft Heemvictoire hannerenee geséchert an ass duerch e bessert Golverhältnis an der Tabell laanscht Monaco op déi drëtt Plaz gezunn.
OSC Lille - Le Havre 1:2
0:1 Hassan (38'), 0:2 Soumare (56'), 1:2 Akpom (90+7')
Véier Deeg nom iwwerraschenden Out an der Coupe de France huet Lille déi nächst Néierlag missen astiechen. Géint Le Havre huet ee mat 1:2 de Kierzere gezunn. Le Havre steet op der zweetleschter Plaz an der Tabell an hat zanter November kee Match méi gewonnen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Athletic Bilbao - FC Girona 3:0
1:0 Sancet (42'), 2:0 Sancet (45+1'), 3:0 Sancet (79')
Real Madrid - Atlético Madrid 1:1
0:1 Alvarez (35'), 1:1 Mbappé (50')
Mat engem 1:1-Remis ass den Derby zu Madrid op en Enn gaangen. Real war ënnert dem Stréck déi méi staark Ekipp, ma den Oblak am Gol vun Atlético an d'Lat hunn um Enn eng Victoire verhënnert.
An der Tabell bleift Real domadder virop, dat mat engem Punkt Avance op Atlético.