De Luc Holtz wëll léiwer Italien an net Däitschland

© Photo by Giacomo Cosua / NurPhoto / NurPhoto via AFP
En Donneschdeg den Owend an e Sonndeg decidéiert sech de leschte Géigner vu Lëtzebuerg an der d'WM-Qualifikatioun.
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp spillt e Samschdeg hiren éischte Match am Joer 2025 géint Schweden. Et ass deen éischte vu véier Frëndschaftsmatcher, déi d’FLF-Selektioun spille muss. En Dënschdeg spillt d’Ekipp vum Luc Holtz auswäerts an der Schwäiz zu Sankt Gallen. Am Juni heeschen d’Géigner da Slowenien an Irland.
D’WM-Qualifikatioun fänkt réischt am September un. Am Grupp A, an deem véier Länner dra sinn, kréien et d’Rout Léiwen scho sécher mat Nordirland an der Slowakei ze dinn. De leschte Géigner gëtt e Sonndeg den Owend ermëttelt. De Gewënner aus der Nations-League-Véierelsfinall tëscht Italien an Däitschland wäert de Grupp vun der FLF-Formatioun komplettéieren. Den Nationaltrainer Luc Holtz géing sech Italien wënschen.
"Do kënnt och e bëssen d'Kultur dobäi, datt Italien eng Natioun ass, déi elo villäicht, wann s de géint se spills, net onbedéngt drop aus ass, fir dir da lo 7 oder 8 ze blosen. Par contre Däitschland, déi jo awer enger längerer Zäit bëssen en Duerchhänker haten, elo erëm um Komme sinn an dofir dann all Moment notzen, fir wa se kënnen ee Géigner richteg auserneen huelen, da profitéiere se an da maache se et och. Woubäi bei Italien dee Risiko villäicht manner grouss ass."
D’Véierelsfinalle vun der Nations League gi mat Allers- a Retourpartië gespillt. En Donneschdeg den Owend spillen eis däitsch Noperen fir d’éischt zu Mailand an Italien. E Sonndeg reesen d’Italieener dann op Dortmund.