Um Freideg a Samschdeg stoung an der Enovos League vun den Dammen de leschte Spilldag vun der regulärer Saison um Programm.

De Champion Gréngewald Hueschtert geet ongeschloen an d'Halleffinall. Um leschte Spilldag konnt d'Ekipp vun Hueschtert eng 101:76-Victoire géint d'Musel Pikes feieren. D'Alexus Johnson konnt mat 36 Punkten an 22 Rebounds eng weider Kéier ënner Beweis stellen, dass si déi stäerkst Spillerin an der Liga ass.

Conter verdeedegt Plaz dräi 

An der Halleffinall trëfft Hueschtert op Diddeleng, den Tabellevéierten. Den T71 huet sech um Samschdeg mat 81:65 géint de Basket Esch duerchgesat, duerch déi gläichzäiteg Victoire vum AB Conter bleift Diddeleng awer op der véierter Plaz. D'Shalonda Winton an d'Lauren Van Kleunen hunn allebéid 24 Punkten zur Victoire vun der Lokalekipp bäigesteiert.

Den AB Conter huet déi drëtte Plaz an der Tabell mat 88:65-Victoire géint Wolz verdeedegt. D'Charlie Bidinger (20 Punkten) an d'Esmeralda Skrijelj (18) hunn am beschte getraff bei der Lokalekipp, déi an der Halleffinall op Bartreng trëfft.

Um Freideg konnt sech d'Sparta Bartreng kloer mat 95:53 géint d'Amicale Steesel duerchsetzen an déi zweete Plaz an der Tabell ofsécheren. Bis zur Paus war d'Partie relativ ausgeglach, den drëtte Véierel huet Bartreng allerdéngs komplett dominéiert (35:10) an d'Entscheedung war gefall. 24 Punkte konnt d'Nicole Torresani fir Bartreng markéieren, d'Kyaja Williams huet 21 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Den nächste Weekend ass den Optakt vun den Halleffinall-Serien, déi am "Best-of-3"-Modus gespillt ginn.