E Samschdeg gouf am Stade de Luxembourg e Frëndschaftslännermatch tëscht Lëtzebuerg a Schweden gespillt. Hei gouf et fir d'Rout Léiwen eng 1:0-Victoire.

E Match tëscht Lëtzebuerg a Schweden gouf et nach net all ze dacks an der Geschicht vum Futtball. Mä wa béid Ekippen dann eng Kéier openeegetraff sinn, da gouf et seelen e gutt Resultat fir d'Rout Léiwen ze verbuchen. Esou och beim leschte Match tëscht béide Formatiounen am Joer 2017. Do hu sech d'Lëtzebuerger mat 8:0 misse geschloe ginn.

E Samschdeg, am Kader vum Futtballfrëndschaftslännermatch, kruten d'Spectateuren awer en anert Spill ze gesinn. D'Lëtzebuerger sinn an der éischter Hallschent monter opgetrueden an hunn d'Schweden net an de Match komme gelooss. An der 24. Minutt konnte si sech fir hir Méi belounen, soudatt et mat enger 1:0-Avance an d'Paus gaangen ass.

Den 1:0 fir d'Rout Léiwen
No engem Corner vum Sinani steet de Korac goldrichteg a ka markéieren

De Start an déi zweet 45 Minutte war e bësse méi verhalen, mä och hei haten d'Lëtzebuerger déi besser Chancen. Esou hate si an der 76. Minutt déi grouss Chance, duerch de Moreira op 2:0 ze setzen, mä dësen ass um Olsen am schweedesche Gol hänke bliwwen. Dëse konnt och an der 86. Minutt sensationell géint de Barreiro entschäerfen. Um Enn sollte weder Lëtzebuerg nach Schweden e weidere Gol markéieren, soudatt et beim 1:0 bliwwen ass.

D'Lëtzebuerger gewannen domadder duerchaus verdéngt mat 1:0 géint d'Schweden, déi iwwer wäit Strecke vum Match net vill ze radetten hate géint staark Rout Léiwen.

D'Reaktioune vun de roude Léiwen

D'Stëmmen nom Match Lëtzebuerg géint Schweden
Lauschtert an d'Interviewe vun de Roude Léiwen eran

"Et war eng riseg Performance, wat d'Jongen op den Terrain bruecht hunn", sou de Lëtzebuerger Nationaltrainer nom Succès géint Schweden am RTL-Interview.

Och wann et e Frëndschaftslännermatch war, wier gespillt gi wéi an engem Qualifikatiounsmatch. Et hätt een et vun der éischter Minutt u fäerdeg bruecht, sech dem Tempo vun de Schweden unzepassen an dat wier um Enn decisiv gewiescht.

D'Victoire géing natierlech Selbstvertraue ginn, ma et misst een en vue vum nächste Match en Dënschdeg an der Schwäiz awer elo mat béide Féiss um Buedem bleiwen. Et dierft een d'Victoire genéissen, ma an den nächsten Deeg misst dann d'Konzentratioun voll op den nächste Match goen. Hei erwaart sech den Nationaltrainer e ganze anere Match wéi e Samschdeg den Owend.

De Goalgetter vum Owend Seid Korac huet sech glécklech gewisen no sengem zweete Gol fir d'Nationalekipp a war houfereg op d'Ekipp.

Dem Kapitän Laurent Jans huet een nom Match eng gewëssen Erliichterung ugesinn. No schwéiere Méint hätt een um Samschdeg eng Reaktioun gewisen an et hätt een um Terrain nees alles ginn.

Weider Reaktioune ginn et am Video.

De Resumé Lëtzebuerg - Schweden 1:0

1:0 Korac (24')

D'Spectateure kruten eng monter éischt Hallschent ze gesinn, an där d'Lëtzebuerger fréi Drock op d'Schweden ausgeüübt hunn. Esou konnt de Sinani schonn an der 6. Minutt eng gutt Chance verbuchen, mä säi Schoss ass knapps laanscht de Gol gaangen. Vun de Schweden war an der Ufanksphas net vill ze gesinn, mä op eemol stoung et bal 1:0 fir d'Gäscht. Eng laang Flank vum Eliasson ass beim Isak gelant, deen de Ball schaarf op de Gol gekäppt huet. Mä de Moris konnt sensationell op Käschte vun engem Corner klären. Dëse Corner huet direkt nach eng Kéier fir Gefor gesuergt, mä op en Neits war de Moris do a konnt d'Situatioun entschäerfen. Doropshin huet een an den éischte 45 Minutten net méi vill vun de Schweden gesinn, mat Ausnam vun engem Schoss vum Isak an der 20. Minutt, dee knapps laanscht de Gol geflunn ass. D'Lëtzebuerger haten dogéint nach e puer gutt Chancen: Esou ass de jonke Madjo an der 21. Minutt duerch e Gewurschtels am Strofraum fräi virum Olsen opgedaucht, mä huet de Ball net richteg getraff, soudatt dëse laanscht de Gol gaangen ass. Nëmmen dräi Minutten drop sollte sech d'Lëtzebuerger awer fir hir gutt Leeschtung belounen. De Sinani huet an der 24. Minutt e Corner op den zweete Potto bruecht, wou de Korac am Héchste gesprongen ass, an de Ball per Kapp zum 1:0 am Filet vun de Schweden ënnerbrénge konnt.

Och duerno hunn d'Lëtzebuerger net labber gelooss an hunn op den zweete Gol gedréckt. Mä weder de Rodrigues mat sengem sate Fräistouss an der 28. Minutt nach de Sinani mat sengem Versuch virun der Paus haten déi néideg Chance op hirer Säit. An och den Arbitter wollt an der 36. Minutt net matspillen, nodeems de Madjo am Strofraum vu Schweden zu Fall komm ass, an huet weiderspille gelooss, soudatt et keen Eelefmeter ginn an et beim 1:0 bliwwen ass. Mat dësem Score ass et dunn och an d'Kabinne gaangen.

Déi zweet 45 Minutten hunn e bësse méi verhalen ugefaangen, mä et waren nees d'Lëtzebuerger, déi déi éischt gutt Aktioun haten. De Sinani bréngt an der 53. Minutt eng laang Flank aus dem Halleffeld op den zweete Potto, wou de Korac lauert, deen de Ball mam Kapp op de Gol bréngt. Allerdéngs kann den Olsen de Ball dës Kéier paréieren. D'Schwede si seele bis an de Lëtzebuerger Strofraum komm a wann, da konnte si ni e kadréierte Schoss a Richtung Gol lassloossen, well sech ëmmer e Roude Léiw dotëscht geworf huet. No ronn 65 Minutte war d'Vitess e bëssen aus dem Match raus. Schweden huet sech weiderhi schwéier gedoen an och d'Lëtzebuerger hunn net méi esou séier no vir gespillt, wéi dat nach an der éischter Hallschent de Fall war.

An der Schlussphas hunn d'Schweden nach eng Kéier den Drock erhéicht an hunn d'Rout Léiwen, déi sech wäit zréckgezunn hunn, am eegene Strofraum festgespillt. Et waren awer d'Lëtzebuerger, déi op eemol déi beschte Chance an der zweeter Hallschent haten. An der 76. Minutt gouf de Moreira an d'Lach geschéckt, deen du just nach den Olsen am schweedesche Gol viru sech hat. Am direkten Duell huet de Lëtzebuerger awer de Kierzere gezunn, soudatt et beim 1:0 bliwwen ass. An der 86. Minutt hat de Barreiro eng änlech gutt Méiglechkeet, mä och hei sollt den Olsen d'Situatioun entschäerfe kënnen.

An deene leschte Minutten ass et du wuel nach Erop an Erof gaangen, mä um Score sollt sech näischt méi änneren, soudatt sech Lëtzebuerg mat 1:0 géint Schweden behaapte kann an dëst, op de ganze Match gekuckt, och net onverdéngt.